Dem Elchi säin Newsletter Mee 2023

Léif Elchekanner,

Ech hoffen dir sidd alleguer ganz gutt an d’Semester gestart, wéi ëmmer loosse mer fir d’éischt
déi vergaange Woche Revue passéieren.

Réckbleck

Den 3.Mai haat der d’Chance um Quizowend am Cheers ee klenge Workout fir är gro
Gehierzellen ze absolvéieren. D’Quizmasteren haten et vläicht enbessien ze gutt gemengt mat
iech an awer waren en puer iwwerzeegend Gruppen dobäi. Op dëser Platz nach eng Kéier
Gratulatioun un d’Gewënner vum Owend Team 5 “ 6 grüne Giftzwerge”.

Den 10.Mai war dunn eis Ersti-Daf op der d’Erstien dann och endlech zu wascheschten a
vollwäertege SLUF Membere gi sinn. Et war ee lëschtegen Owend an definitiv ee vollen Erfolleg
dee munch Leit nach 2 Deeg méi spéit net ganz hannert sech gelooss haten. Un dësem Punkt
dann nach eng Kéier Gratulatioun un eis nei Mrs SLUF vun dësem Joer dem Leslie an eisem
neie Mr.SLUF dem Kim.

Den 20.Mai war de SLUF da wéi all Joer och nees um ING-Marathon. Mir hunn d’Leefer mat
Medaile belount an um Glacis de Peki gerockt an dofir gesuergt dass d’Leit net hunn missen
erdiischteren. Ee GROUSSEN MERCI un jiddereen dee gehollef huet an och un déi Leit déi eis
um Stand besicht hunn.

Kommend Eventer :

Stammdësch vum 24.Mai
De 24.Mai ass kee reguläre Stammdësch, dofir gi mir awer Owes op d’Freiburger Messe
Treffpunkt ass op der Messe um 20:00. Loosst iech dee Spaß net entgoen.
Spikeball Intercercle

Den 3. Juni organiséiere mer ab Moies 11 Auer een Spikeball-Turnéier. Op Expert_in oder
Ufänger_in, jiddereen ass Wëllkomm. Natierlech ass et och kee Problem net matzespillen an däi
Cercle unzefeieren. Fir ze drénken ass natierlech Beschtens gesuergt. Owes ginn mer dann
zesummen eppes an der Freiburger Innenstadt Iessen a stäerken eis fir dono d’Freiburger
Nuetsliewen ze entdecken. Natierlech ass et och méiglech nëmmen owes fir d’Iessen, Drénken a
Feieren ze kommen!

D’Turnéier selwer kascht dëst Joer näischt. Wärend dem Turnéier bidde mer fir eemoleg 5€ ee
klengt Mëttesiessen a genuch ze Drénken an engem Package un. D’Iessen Owes am Restaurant
kascht 25€.

Aus organisatoresche Grënn lafen d’Umeldunge fir de Restaurant bis den 28. Mee.
D’Umeldung ass erreicht komplett wann d’Suen bis den 28. Mee op de SLUF Konto (LU28
0019 5855 2238 5000) oder per Digicash op +352 621 712 204 iwwerwise goufen! Vermierk:
IC + Numm Virnumm.
Hei de Link fir d’Umeldung : http://www.sluf.lu/spikeball-intercercle/
Save the Date

Weider Eventer um Summersesmester sinn :
Nationalfeierdag – 23.Juni
Wanderdag – 24.Juni
Wäinfest – 7.Juli
Ganterevent – 21./22.Juli

Intercercle Radar
Datum Intercercle Umeldung 14.Mai – 14.Juni ALEM Bluttspendemarathon Beweisfoto iwwer Facebook oder Instagram un d’ALEM oder per Mail un contact@alem.lu

3.Juni SLUF Spikeball Intercercle
http://www.sluf.lu/spikeballintercercle/

8. & 9.Juni LSK Beachvolleyball
https://u.lsk.lu/forms/lsk-ic-2023

16. & 17.Juni LSH Feierwon
https://forms.office.com/e/Y4FxAtgLVX

24.Juni ALUS meets ASSC Route du vin Lëtzebuerg
https://forms.gle/DsxvaaeykAGV43pMA

2.Juli AELK Velosheemrees
https://velo.aelk.lu/

Nach ee klenge Kommentar zum ALEM Bluttspendemarathon :
Lëscht Joer konnt de SLUF do déi éischte Platz erreechen, also gëtt et eppes ze verdeedegen. Mee
et geet natierlech net nëmmen em d’Éier, mat ärer Bluttspend kennt der wierklech eppes
Guddes fir äre Karma maachen, also zéckt net a loosst iech picken. (Wann mer gewanne kréie
mer Béier vun der ALEM spendéiert 🙂)
Kolumne


De Gastbeitrag ass an dëser Editioun vum Pinguin a soll iech zum schmunzele bréngen :

Wollt grad mam Spiderman telefonéieren mee hien hat anscheinend keen Netz

Haalt äert Gewei steif an bis geschwenn,
Ären Elchi