FAQ

Emrechnung vun den Première-Notten

 

Ech mellen mech gär fir Waldwirtschaft zu Freiburg un. Mécht een dat am beschten iwwer d’ Post oder ass et méi sécher selwer dohin ze goen? An muss een seng Zensur iwwersetzen loossen? Wann jo, wou mécht een dat am beschten?

 

Eigentlech kann een sech op d’Post verloossen. Ech géif net extra wéinst deem Bréif op Freiburg kommen, mee wann s du dat mat engem Ausfluch a bësse Vakanz oder scho mat enger Visite vu puer Wunnengen kombinéiere kanns, dann maach et einfach hei op der Plaz :)
Deng Zensur kriss du normalerweis direkt op 3 Sproochen: franséisch, däitsch an englesch. Du muss se also net iwwersetze loossen. Deng Notten rechent d’Uni dir selwer an hire System ëm, well do all Bundesland a souguer all Uni seng eegen Emrechnung mécht. Normalerweis fält déi lëtzebuergesch Note am däitsche System awer ëmmer e bësse besser aus. D’Emrechnungstabell hei drënner soll dir dir eng Iddi ginn, wéi deng Note am däitsche System ausfält. Orientéier dech einfach um belsche System, andeems du deng Note duerch 3 deels.

 

emrechnungstabell

 

Den ëffentleche Verkéier

 

Wéi den Accès zum ëffentlechen Verkéier vun denger Wunneng aus ass, kanns du um Site vun der Freiburger Verkéiersbond AG nokucken. Hei zu Freiburg ginn et véier Linnen – eng fënneft gëtt grad installéiert, sou datt et e besseren Accès zur technescher Fakultéit gëtt:

1 – Littenweiler – Bertoldsbrunnen – Hauptbahnhof – Landwasser
2 – Günterstal – Bertoldsbrunnen – Siegesdenkmal – Zähringen
3 – Vauban – Johanneskirche – Bertoldsbrunnen – Hauptbahnhof – Haid
4 – Zähringen – Bertoldsbrunnen – Messe 
5 – Rieselfeld – Haslach – Bertoldsbrunnen – Hornusstraße

VAG_Liniennetzplan

U: Haaptcampus, Uni Freiburg; I: Institutsvéirel, Uni Freiburg; B: Biologesch Fakultéit, Uni Freiburg; T: Technesch Fakultéit, Uni Freiburg; F: Fakultéit vun der Ëmwelt a Naturwëssenschaft, Uni Freiburg; S: Sportinstitut, Unisport, Uni Freiburg; Rouden Icon: Uniklinik; Gréngen Icon: Pädagogesch Héichschoul; Gielen Icon: Evangelesch Héichschoul; Mofen Icon: Kathoulesch Héichschoul; Pinken Icon: Musikhochschule.

Dëst ass eng schematesch Kaart: Distanzen sinn net no Mossstaf agezeechent.

Weider Informatiounen, wéi ee vun A op B kënnt an déi eenzel Linniepläng fënnt een um Site vun der VAG-Freiburg.
icon-set-pfeil

 

Studium „Soziale Arbeit“

 

Et kann ee Soziale Arbeit zu Freiburg op der Kathoulescher an op der Evangelescher Héichschoul studéieren. Hunn der vläit schonn puer vun iech Erfahrung mat dësen Schoulen gehat, bzw kéint dir eng definitiv weider empfehlen oder eng manner?

Et kann een net soen, datt déi eng Héichschoul besser ass wéi déi aner. Meng Matbewunnerin huet säi Master „Bildung und Erziehung im Kindesalter“ op der EH gemaach a war deck zefridden do. Vu Lëtzebuerger hunn ech bis elo eréischt eent kenne geléiert, wat op der Kathoulescher Héichschoul (KH) war. Hatt war och mega zefridden. Mee iergendwéi zitt et d’Leit éischter op d’Evangelesch Héichschoul (EH). Vläit awer och einfach, well d’EH méi eng grouss Héichschoul ass a méi Studienangeboter offréiert, wéi d’KH, déi nëmmen 2 Bachelorstudiegäng ubitt. Ob s du elo Soziale Arbeit op der EH oder op der KH studéiere solls, hänkt och vun dengen Interessen an hire Schwéierpunkten of. Vergläich einfach eng Kéier d’Beschreiwung vum Studium op der KH mat déier vun der EH.
Wat schwätzt dech méi un? Dobäi muss engem och bewosst sinn, datt e Bachelorstudium grondleeënd ass, an eng wierklech Spezifikatioun éischter am Master méiglech ass, sou datt sech béid Héichschoulen wahrscheinlech guer net sou staark ënnerscheeden.

Wieren déi 2 evangelesch- an kathoulesch Héichschoulen streng reliéis geriicht, also steet d’Relioun do am Virgrond oder spillt déi net wierklech eng Roll am Studium an op der Schoul selwer?

Nee, sinn se net. Meng Matbewunnerin ass emol net gedeeft an huet op der EH säi Master gemaach. Hatt wollt op keng reliéis Héichschoul goen an krut d’Relioun do och net ze spieren.

 

Wéi gesäit et mat der Laach aus vun deenen Schoulen, wäit vum Zentrum fort?

 

D’KH läit jiddefalls méi zentral wéi d’EH. Laanscht déi zwou fiert och eng Tramlinn, wéi een dat hei weider uewen um Plang vun der VAG ka gesinn. Mee Freiburg ass wierklech keng riesech Stad. Et kann een eigentlech alles mam Vëlo maachen. Soss kuck der eis Kaart ënnert dem Tab Freiburg > Studium un, do fënns du ganz ënnen eng Kaart, wou déi eenzel Campus’en vun der Uni an déi dräi Héichschoulen an der Kaart vu Freiburg agedroe sinn. Am Géigesaz zu der Kaart mat den Tramlinnen hues du hei e Moossstaf, sou datt s du Distanzen vergläiche kanns.

 

Kann een sech ouni Problem op méi Schoulen zu Freiburg aschreiwen?

 

Du kanns dech natierlech op verschiddenen Héichschoulen an Unien zu Freiburg aschreiwen an och fir méi Studiegäng un enger Héichschoul. Ech géif dir dat och un d’Häerz leeën, wann dech scho méi Saachen interesséieren, dann schreif dech do iwwerall mol einfach an. An wann méi Héichschoulen dee selwechte Studiegang ubidden, dann mell dech och do iwwerall un. Wat s du dech op méi Plazen zu Freiburg umells, wat deng Chance méi grouss sinn op Freiburg ze kommen.

 

Studium „Biologie“

 

Wéi ass den Biologiestudium zu Freiburg? Wéi vill Stonnen verbréngt een am Labo?

 

Wéi de Studium ass, dat ass schwéier ze beäntweren, well et do sou vill verschidden Aspekter ginn. Ech géing awer jiddefalls soen, dass Freiburg fir Bio eng vun deene beschten Uni’en ass, déi een an Däitschland wielen kann a mir hunn een immens gudden Ruff.
Am Bachelor kritt een vun relativ villen Fachrichtungen een gudden Androck an et kann een vill ausprobéieren, wat dann virun allem flott ass, well een fir seng Bacheloraarbéeht aus ganz villen Fächer eppes eraussichen kann. Op villen aneren Uni’en gëtt do wäit manner ugebueden. Ausserdeem läit Freiburg natierlech ideal fir vill flott ökologesch Excursiounen ze maachen, eppes wat ech och als Virdeel vis-à-vis vun aneren Uni’en gesinn.
De Bachelorstudiegang zu Freiburg ass esou opgebaut, dass een an deenen éischten 6 Semesteren an +/- 10 Fachrichtungen wéi Zellbio, Genetik, Botanik, Zoologie, Physioloegie, Entwécklungsbio, etc. als éischt mol Grundmoduler mécht. An den Semesteren 1-4 huet een zu all deenen Fächer Virliesungen an Praktika an sicht sech dann am 5. Semester dräi Saachen eraus, op déi een sech „spezialiséieren“ wëll – dat sinn dann d’Vertiefungsmoduler. Dono schreift een an engem vun denen dräi Fächer seng Bacheloraarbecht. Am Master kann een dann erëm vu vir wielen, mee bis dohin vergeet jo och nach e bëssen Zäit.
De Studium u sech hunn ech virun allem an deenen éischten 2-3 Semesteren relativ ustrengend fonnt, well een do net nëmmen Bio huet, mee och nach ee ganze Koup Niewefächer wéi Chimie, Physik a Mathé, déi och nawell Zäit kaschten. Et ass zwar alles gutt machbar, mee et verbréngt een phaseweis vill Zäit op der Uni domadder Übungen an Hausaufgaben fir d’Niewefächer ze maachen.
Déi éischt 2 Semesteren huet een och relativ vill Stonnen Cours, well een, wéi gesot, net nëmmen Bio huet, mee och nach aner Fächer. Do huet een meeschtens Moies d’Virliesung an mëttes d’Praktika, déi dozou gehéieren. Dono gëtt et awer ëmmer manner an et kann een sech méi an déi biologesch Fachrichtungen orienteieren, dei een interesséieren, wouduerch engem dat Ganzt dann och ëmmer méi liicht fält.
Déi Stonnen, wou een am Labo muss verbréngen variéieren natierlech och vu Semester zu Semester. An deenen éischten 2 Semesteren huet een pro Semester 1 oder 2 biologesch Moduler, zu deenen een 1 mol d’Woch 4 Stonnen Praktikum huet. Déi Praktika sinn awer ganz ënnerschiddlech opgebaut. An der Zellbio gëtt z.B. vill Mikroskopie gemaach, an der Zoologie huet een Excursiounen an et mécht een Bestëmmungsübungen an an der Entwécklungsbio gëtt relativ vill sezéiert. Dann huet een awer och nach an der Chimie 1-2 Wochen Labo, déi ëmmer als Block während der Semestervakanz stattfannen. Am 2. Semester hunn d’Biologen hiren groussen Physiks-Praktikum deen dat ganzt Semester leeft, wou een dann –  zousätzlech zu den biologeschen Modulen – 1 Dag an der Woch Labo huet. Chimie fënnt do och nees an der Semestervakanz statt, wou een dann während 2 Wochen all Dag am Labo steet.
Am 3. a 4. Semester sinn déi ganz Niewefächer dann ofgeschloss an et huet een nëmmen nach Bio. Ähnlech wéi do virdrun, huet een och 1-2 mol d’Woch am Nomëtten Praktikum.
Am 5. Semester fänkt dann déi méi klassesch Labosaarbecht un, wou een net nëmmen an der Uni ass an do Praktika huet, mee och mol d’Chance huet z.B. an engem Labo vun der Uniklinik matzeschaffen oder och mol raus kënnt an méi Ëmwelt-Analysen mécht.
Am 6. Semester mécht een dann seng Bacheloraarbecht. Dofir verbréngt een 3-4 Méint all Dag am Labo. Et dierft een u sech awer keng Virliesungen méi ze hunn.
Ech kann aus perséinlecher Erfahrung awer soen, dass déi praktesch Aarbecht vill méi Spaass mécht, an dass een do vill méi mathëlt, wéi aus den Virliesungen. Et héiert sech no immens vill un, mee et kritt een ëmmer interessant Saachen ze maachen, sou dass engem alles vill méi liicht fält, ewéi een sech dat elo vläit ausmoolt.
– Liz (7. Semester Bio)

 

Ech hu mech fir Bio beworben an eng Mail kritt, datt ech ugeholl wier. Wéi verbindlech ass déi Mail? A wéi laang muss ee rechnen bis en definitive Bescheed vun der Uni ukënnt? Wéi grouss ass d’Chance, eng Plaz ze kréien, wéi ass dat mam NC?

 

2014 gouf de Bewerbungssystem geännert, an dat mat deenen e-Mails ass nei. Ech hat fir de Master awer dat selwecht Bewerbungsverfahren, an do war d’Mail verbindlech. Dat ass awer och sou, well d’Uni hier eegen Bachelorstudenten virun deenen aneren favoriséiert,an déi all relativ sécher ugeholl ginn.

U sech kanns de awer dovun ausgoen, dass d’Uni den NC am viraus festleet, an all di Bewerber, deenen hier Moyenne labber do driwwer, déi kréien direkt eng Zouso, meeschtens schonn per Bréif. Ech weess elo net genau, wat an der Mail drastung, mee wann d’Uni seet, du bass ugeholl, dann géing ech och dovun ausgoen, dass dat sou ass, ausser et bewerben sech lo op ee Coup nach 250 Leit, déi all eng besser Moyenne hunn wéi s du.
Meng definitiv Zouso koum deemools Ufank bis Mëtt August. Ech géing soen, datt och du ëm deen Zäitraum mam Bréif rechne kanns.
Zur Saach, wéi grouss deng Chance sinn, eng Plaz ze kréien, kann ech nëmmen soen: dat hänkt alles vun denger Moyenne of. Si kucken nëmmen déi, rechnen se an hiren däitsche System ëm, a wann s du iwwer dem NC läis, gëss du ugeholl. Wéi eng Fächer een hat, etc ass Wurscht.
Den NC gëtt all Joers nei festgeluecht, dowéinst kann ech der dozou lo net vill soen. Erfahrungsgeméiss geet deen awer all Joer e bëssen an d’Lut, well et ëmmer méi Bewerber fir Bio ginn.
– Liz (7. Semester Bio)

 

Sport op der Uni

 

Bitt d’Uni Freiburg Sportméiglechkeeten fir hier Studenten un?

Jo, d’Uni huet do souguer en zimlech grousst Angebot u ville verschiddenen Sportaarten. Op hierem Site kann een sech praktesch mat engem Klick fir eng Sportaart umellen. Villes dovun ass gratis fir Studenten. Fir vereenzelt Saachen, wéi ënner anerem divers Kampfsportaarten, Danzcoursen an de Fitnessstudio muss een e klenge Betrag bezuelen.

Eng Iwwersiicht vun allen Sportofferen vun der Uni Freiburg fënns du op der Säit vum Allgemeiner Hochschulsport Freiburg (AHS)

All Joers hëlt de SLUF um Tournoi de Noël deel – een Tournoi um Campus Geesseknäppchen, organiséiert vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat der L.A.S.E.L, wou déi verschidden Lëtzebuerger Cerlcen an den Disziplinnen Volleyball, Basket a Fussball géinteneen untrieden. Bis elo huet de SLUF ëmmer beim Volleyball a Fussball matgemaach. Eng Basketsequipp krute mir nach net zesummen. Bass du also interesséiert bei eis matzemaachen, egal a wéi enger vun deenen dräi Disziplinnen, dann mell dech bei engem aus dem Comité, perséinlech oder per Mail (comite.sluf@gmail.com). Vläit kréie mir di nächste Kéier och eng ganz Basketsequipp op d’Been gestallt. Den Tournoi de Noël zitt sech iwwer 2 Deeg: den éischten Dag gëtt Volleyball a Basket gespillt (et muss een sech also fir eng vun deenen zwou Disziplinnen entscheeden) an den zweeten Dag ass de Fussball un der Rei. Et ass all Joer eng super Stëmmung an et gesäit ee vill Leit aus der Schoul erëm, déi an enger anerer Stad studéieren. De Benefice vun der Buvette, déi während dem Tournoi de Noël vun der ACEL gefouert gëtt, gëtt all Joer fir e gudden Zweck gespent.