Firwat een op Freiburg liewen a studéiere kënnt?
E Studium zu Freiburg ass méi wéi nëmmen hannert de Bicher ze hänken. Hei gëtt et nieft deenen ville verschiddenen Studieméiglechkeeten och ee breede Choix un interessanten Aktivitéiten. Freiburg läit tëscht der Rheinebene (dem Kaiserstuhl) an dem Schwarzwald a bitt zu all Joreszäit genuch Ofwiesslung fir jiddereen. Am Summer kann een, zum Beispill, ganz flott Ausflich u Séien zu a ronderëm Freiburg maachen. Am Wanter kënnen sech d’Skifuerer, d’Snowboarder an d’Schlittfuerer ënnert anerem um Feldberg an um Schauinsland austoben. Dobäi ass unzemierken, datt keng Stad an Däitschland sou vill Sonnestonnen huet ewéi Freiburg. Ausserdeem befanne mir eis hei an engem Dräilännereck, sou datt ee ganz einfach Ausflich an d’Schwäiz oder a Frankräich maache kann. Mat insgesamt 30.000 Studenten, bei nëmmen knapp 200.000 Awunner, bitt Freiburg selwer en ofwiesslungsräicht Studenteliewen an en opreegend Nuetsliewen. Langweileg dierft et hei kengem ze ginn!
Hei e puer Andréck
Source: YouTube
Freiburg …