Intercercle

_MG_2994Den 4. Juni 2016 hunn d’Studenten vu Freiburg op hier éischt Intercercle invitéiert. Eng knapp hallef Stonn ausserhalb vu Freiburg hunn sech d’Studenten vun de Cerclen LSD, AELK, ANESEC a SLUF getraff, fir hier Talenter op engem Golfparcours ënner Beweis ze stellen. Allerdéngs huet een säin Putter konnten doheem loossen, et ass nämlech drëms gaangen, de Ball mam Fouss an d‘Lach ze schéissen. D‘Motivatioun war bei jidderengem grouss, an och d’Wierder hat wuel een Erbaarmen, well mir hunn déi eenzeg puer dreschen Stonnen op deem Weekend erwescht. Insgesamt haten sech 24 Leit deen Dag zesummefonnt, sou dass et an Gruppen vun 4 bis 5 Leit op de Parcours goung. An och wann déi eenzel Lächer deelweis einfach ausgesinn hunn, sou war et onvermeidlech, dass een säi Ball déi eng oder aner Kéier am héijen Gras misst erëm fannen, oder een hannert engem Bam de Fändel vum Lach net méi gesinn huet. Dat huet dunn natierlech virun allem bei den aneren Leit aus der Grupp fir uerdentlech Amusement gesuergt, wat dee ganzen Dag fir eng flott Ambiance gesuergt huet. Mir, de Comité vum SLUF, haten awer net nëmmen de Parcours vum Soccer-Golf fir d’Intercercle reservéiert, mee hunn eis och ëm eng kleng Stäerkung a Form vu Gegrills mëttes gekëmmert. Nodeems déi éischt 9 Lächer gespillt waren, gouf kollektiv eng Paus ageluecht, éier et nomëttes mat den leschten 9 Lächer weider gaangen ass. Och do stoung weiderhin de Spaass am Virdergrond, wat och wuel dorunner geleeën huet, dass de Score net war fir sech ze bretzen. Domadder ass d’Ennresultat och an den Hannergrond gerutscht, an den Nomëtten gouf bei enger leschter kaler Béier ausklénge gelooss, éier et zréck op Freiburg goung. No engem sportlechen Nomëtten wollte mir eis Gäscht net hongereg Heem schécken, sou dass en Dësch am Martinsbräu reservéiert gouf, wou et Owes zwee Spanfierkelen z’iesse gouf. Natierlech ass een och do net erdiischtert, schliisslech huet dee Restaurant eng hauseege Brauerei, sou dass deen een oder aneren Pitcher vun deem naturdréiwe Béier zerwéiert ginn ass. No der grousser Bouffe ass een nach zesummen an den Harmonie Keller gaangen, wou deen Owend d’90er Joren grouss geschriwwe goufen. Lidder wéi „Everybody“ vun de Backstreet Boys an „Baby One More Time“ vum Britney Spears suergen och am 21. Jorhonnert nach bis an déi fréi Moiesstonnen fir Stëmmung, wéi dat den 4. Juni 2016 nach eng Kéier bewise gouf. Selbstverständlech huet kee méi missen Auto fueren. Mir hunn fir all Gaascht eng Schlofplaz bei engem zu Freiburg organiséiert.

Alles an allem war et eng gelonge Première, mat gudder Bedeelegung an flotter Ambiance. All déi, di net dobäi waren, hu wierklech eng verpasst. Mee keng Angscht, et wäerd eng zweet Editioun vun der Intercerlce „Soccer-Golf“ am Summer 2017 zu Freiburg stattfannen, sou dass een sech schonn op dat nächst Joer freeën däerf!

All d’Fotoen fannt dir an eiser Galerie.

_MG_3007

Text: Maurice Schmit & Catherine Braun