Du bass nei zu Freiburg oder op Besuch? Oder du bass scho méi laang hei an hues Loscht op eppes Neits?
Dës Säit soll dir weider hëllefen. Hei sinn eng Rëtsch Restaurants, Cafés, Pubs, Bars, Clubs, Discos,… wichteg Adressen & Locations, wou s du eng Kéier gewiescht solls sinn. Ennert der Kaart sinn déi eenzel Locations nach eng Kéier opgelëscht a kuerz beschriwwen.
Kulinaresch Kaart
Karte wird geladen - bitte warten...
![]() | Schachtel [Schachtel] E Café, esou kleng ewéi eng Schachtel, mee eng richteg gutt Plaz fir gemittlech mat Kollegen e Patt ze huelen. Adelhauser Straße 7, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Schlappen [Schlappen] Hei gëtt Owes op den Dëscher gedanzt! ... well um Buedem keng Plaz méi ass. De Café huet och e Fëmmberäich hannenaus. Hier Toilette sinn eng Sehenswierdegkeet. Löwenstraße 2, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Maria's Bar [Maria's Bar] Mëttes e Restaurant mat Café-Feeling an Owes e Café mat Club-Feeling. D'MariaBar mécht mega gutt Hamburger an regelméisseg gëtt et eng Aktioun, wou een der 2 fir de Präis vun engem kritt. Hier Spezialitéit sinn a bleiwen awer hier Cocktaile. - All Owend vun 18-21h: Happy Hour, all Cocktail 4,90€ - Freides vun 00-02h: Moonlight Happy Hour, bezuel een an du kriss der zwee. - All Freiden a Samschden an all Virowend vun engem Feierdag leet en DJ op. Löwenstraße 3, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | El.Pi [El.Pi] D'Studentedisco mat der lockerster Stëmmung iwwerhaapt. Musek: Rock, Alternativ, Punk, Grunge. etc. Schiffstraße 16, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Movie [Movie] De Café Movie ass eng Raggaebar. Hier Spezialitéit ass de Melouneschnaps. Oberlinden 22, Freiburg, Deutschland |
![]() | Feierling [Feierling] Keng Loscht méi op typesch däitsche Béier? Dann bass du am Feierling genau richteg. Eng Brauerei mat selwer gebrautem Béier a mat engem richteg flotten Biergarten am Summer. Gerberau 46, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Biergarten um Schlossberg [Kastaniengarten] De Biergarten uewen um Schlossberg versprécht eng wonnerschéin Vue iwwer Freiburg. Fir déi Faul, gëtt et och e Lift bis erop. Schlossberg, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Tacheles [Tacheles] Den Tacheles ass bekannt fir seng grouss Auswiel un Schnitzelen. De Weekend gëtt Owes aus dem Restaurant de "Club Daneben". Grünwälderstraße 17, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Shooters [Shooters] Shottebar. Näischt fir e gemittlechen Owend. De Shooters ass éischter e kuerzen Tëschestopp wann een um Tour ass. Un de Maueren stinn all d'Nimm vun de Shotten, déi du bei hinne kriss, mee, du weess net vu vir eran, wat dra kënnt. Niemensstraße 13, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Borso [Borso] De fréieren "Bettelstudent" heescht elo Borso en "Institut für Straßenkunst und Trinkkultur". De Café ass ganz am Stil vu Streetart gehalen a suergt fir de richtegen Ambiente. E Kicker steet och bereet. Moltkestraße 30, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | O'Kellys Irish Pub [O'Kellys Irish Pub] Méindes: Pubquiz Dënschdes: Beerbuckets & Shots Night Donneschdes: Bingo Night Samschdes: Sports Saturday Sonndes: Jameson Day (Jameson Cocktail) Milchstraße 1, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Cohibar [Cohibar] D'Cohibar ass eng Cocktailbar, iwwerdréit fir d'Männer awer och all Spiller vun der 1. BL, DFB-Pokal an Champions League live. - Sonndes - Donneschdes: Happy Hour, all Cocktail fir 4,90€ - all Mëttwoch: Ladies' Night, all Coktail fir 4,50€ - Weekends: "nice music, nice drinks, nice people." Milchstraße 9, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Karma [Karma] De Karma ass den "Public Livng Room". Um Rez-de-Chaussée eng Bar an um 1. Stack e Club. Bertoldstraße 51-53, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Jazzhaus An deem ale Wäikeller schafft d'Freiburger Rockinitiative zesummen mam Folk- a Bluesclub, mat der Jazz- a Rockschoul Freiburg an der Oldtime-Jazz-Initiativ. Eemol am Mount gëtt et eng 90er Party, déi als eng vun deene beschte Partyen zu Freiburg ugesi gëtt. Schnewlinstraße 1, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Alter Simon [Alter Simon] Am Alten Simon treffen sech Jonk an Aal, Studenten an Dozenten, Kënschtler a Businnessleit, Noperen an Touristen fir gemittlech een zesummen ze hëppen. Zesummen ass gutt gesot, well een Dësch fir sech alleng huet een hei éischter seelen. Awer genau dat mécht dee klengen Aalstadcafé aus. Fir déi eng e groussen Minus, fir anerer vläit och e grousse Pluspunkt ass: dobannen dierf weiderhin ëmmer nach gefëmmt ze ginn. Konviktstraße 43, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Schneerot [Schneerot] De Numm ass eng Zesummesetzung aus dem Titel "Schneeweißchen und Rosenrot" vum Grimm sengem Mäerchen. An deen Titel versprécht net ze wéineg: e Loungeberäich mat märechenhafte Miwwelen, ee geräimegen Fëmmeck, an eng verzaubernd Sound- an Luuchtanlag. Ganz speziell ass hei, datt si engem op Ufro eng Gebuertsdagsfeier organiséieren. Münsterplatz 11, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | White Rabbit [White Rabbit Club] D'Ambiance am White Rabbit entsprécht dem Disney Kultfilm "Alice in Wonderland". Traus du dech wéi d'Alice an den Huesebau ze klammen? All Mëttwoch: Open Stage Leopoldring 11, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Uni Café [Uni Café] Dee Café ass direkt bei der Uni, huet eng grouss Terrass an bitt alles fir e gemittlechen Openthalt. Hei gëtt och Brunch servéiert. Niemensstraße 7, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Café Légère [Café Légère] Du bass ënnerwee fir op d'Uni an der Stad, et ass nach moies fréi an du brauchs e Café? Am Café Légère, direkt em den Eck, kriss du däi Kaffi oder och däin Téi bis Mëttes 12h00 fir nëmmen 1€. Niemensstraße 8, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Kagan [Kagan] Vum 18. Stack vun engem Héichhaus bei der Gare gesäit een iwwer ganz Freiburg. De Kagan ass eng luxuriéis Bar, Club, Lounge mat allerhand verschiddenen Cocktaile. All Donneschden Owend: Studentenowend, bezuel ee Cocktail an du kriss der zwee servéiert. Bismarckallee 9, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Crash [Crash] De Musekkeller Crash ass eppes fir all Punk-, Hardcore-, Wave- a Metalfan. Schnewlinstraße 7, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Mehlwaage [Mehlwaage] D'Adress fir e gudde Flammkuchen z'iessen mat enger flotter Terrass. Sonndesbrunch. Metzgerau 4, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Extrablatt [Extrablatt] Eemol an dengem Studenteliewen zu Freiburg muss du am Extrablatt gebruncht hunn. Sonndes moies kënnen (Freiburger!) Studenten fir nëmmen 6€ um Buffet de Bauch gutt fëllen. Am Summer besteet dann zousätzlech nach d'Méiglechkeet op hirer Terrass laanscht d'Dreisam z'iessen. Schreiberstraße 10, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Aspekt [Aspekt] D'Adress fir déi Studenten vum Campus an der Alstad, déi während enger Fräistonn brunchen wëllen goen, oder e Kaffi brauchen. Mee och fir all déi aner eng Adress, déi een sech mierken soll. Hei kann een nämlech all Dag brunchen. Si hunn zousätzlech mega gutt Saachen fir dee klengen Honger: iwwerbaken Ciabatta-Bréitchen, Sandwicher, Zaloten etc. mat hausgemaachen Saucen. Bertoldstraße 26, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Erika Bar [Erika Bar] Ween Zäit vergiesse wëll, dee soll an d'Erika Bar goen. Doduerch, datt et am Lokal keng Fënstere ginn, kann engem dat nämlech schnell geschéien. Dofir punkt de Café awer mat engem Biergarten am Summer. Keen traditionellen Biergaten mat Béierdëscher a Béierbänken, mee ganz en vogue mat Ligestill. Kartäuserstraße 54, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Ruefetto [Ruefetto] Am Keller vun der Bäckerei "Café Ruef" ass de funky Club Ruefetto. Musek fir sech goen ze loossen steet hei Nuets um Programm. En décke Pluspunkt: an der Nuecht gëtt an der Bäckerei um Rez-de-Chaussée gebak, sou datt een tëscht oder nom feieren nach e gudden, waarme Croissant mat Kéis an Ham oder mat Schokla ugebuede kritt. An et kënnt een net dolaanscht, well wann een heem well, huet een ëmmer dee gudde Geroch vu frësch gebakenen Leckereien an der Nues. Granatgässle 3, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | MudomBar [MudomBar] Studentebar. Era kennt ee just mat gestempelter Studentekaart. Dofir ass d'Gedrénks hei wuel am bëllegsten: +-1,50€ eng Fläsch Béier. Wann ee Loscht op Billard oder Kicker huet, ass een an der Mudombar genau richteg. Engelbergerstraße 41, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Beat Bar Butzemann [Beat Bar Butzemann] D'Maueren sinn mat Comics tapizéiert. D'Musek geet Richtung Rock an Alternativ. Ee vu Studente gutt besichte Café am Stühlinger. Bannen dief gefëmmt ze ginn. Eschholzstraße 38, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Brennessel [Brennessel] Extra hei ass hier special Offer: sou laang wéi Spaghetti do sinn, ginn et déi vun 18-19h30 an deemno wéi nach eng Kéier vun 23-00h30, mat Bolognese oder Calabrese fir onschlobar 1,80€. Fir de Recht hunn si och nach eng wierklech grouss (leider e bëssen oniwwersiichtlech) Menüskaart. Eschholzstraße 17, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Paradies [Paradies] Den Himmel op der Äerd kennen sie engem net verspriechen, mee d'Personal vum Paradies setzt alles a Gang, fir datts du dech bei hinnen e Stéck wäit am Paradäis fills. Sonndes bidden sie en méi "exklusven" Brunch. Déi Gastststätt huet eng super roueg a gemittlech Terrass. En Dësch am Viraus ze reservéieren wir engem hei opjiddefall unzeroden. Mathildenstraße 28, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Schmitz Katze [Schmit Katze] Strand, Bühn, Danzfläch, fir jiddereen eppes ze drénken dobäi, eng gutt Portioun Kultur, (Impro-)Theater, Sport (z.B. temporär Miniramp), Floumaart, kulinaresch Villfalt an eng Grill- an Burgerbude sinn an der Schmitz Katze unzetreffen. Hei leeën regelméisseg méi bekannt DJ'en op. Haslacher Straße 43, Freiburg, Deutschland |
![]() | StuSie Bar [StuSie Bar] Den Entrée ass nëmmen fir Studenten an huet normalerwéis an der Virliesungsfräier Zäit zou. An der Virliesungszäit ass all Dënschden "Déja-Vu Party": all Gedrénks wats du virun Mëtternuecht bestells, kriss du no Mëtternuecht fir näischt. Hei ginn och emol Beerpongtournois organiséiert. An och soss ginn et hei regelméisseg grouss Partyen, ewéi ënnert anerem d'Ersti Pary, d'Semestereröffnungspartyan d'Semesterabschlussparty, op déi et sech lount ze goen. Sundgauallee 36, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Waldsee [Waldsee] De Waldsee versprécht eng frësch Kichen, ouni Geschmacksverstärker, an Produiten aus der Regioun. Et gëtt eng rieseg Auswiel u Geriichter an dat och fir d'Vegetarier ennert eis. En plus bereeden sie op Wonsch och vegan, gluten- oder laktosefräi Menüer zou. Méindes Owes ass Waldsee-Owend, virun allem am Summer e Muss. Waldseestraße 84, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Warsteiner Galerie [Warsteiner Galerie] Mat sengem Holzuewen an der Tapasbar ass dat hei bestëmmt deen gemittlechsten Café zu Freiburg. Hei gëtt et och en Raucherberäich. Milchstraße 7, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Guten Abend Essen, Trinken, Feiern, Leben. Mat deem Motto, soll een an dësem Lokal e gudden Owend verbréngen kënnen, andeems sie all Owend en speziellt Event organiséieren. Deen aktuellen Programm fënns du op hierem Internetsite. Et ass fir jidderee eppes dobäi! Kaiser-Joseph-Straße 278, 79098, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Shooters Billardcenter [Shooters Billardcenter] Eng Adress fir all Billardfrënn. Méindes Owes ass Studentenowend! Im Ried 7a, Merzhausen, Deutschland |
![]() | Omas Küche [Omas Küche] Eng gutt Adress fir däitsch Kichen e bëssen aneschters ze genéissen. Hildastraße 66, 79102, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Hackls zapfBar [Hackls zapfBar] Un hieren Holzdëscher zaapst du dir däi Béier selwer. All Zapanlag ass iwwer en iPad mat der Keess verbonnen. En plus gesäit een, wéi vill Liter Béier u wéiengem Dësch scho gezaapt gi sinn. Et c'est parti. Franziskanerstraße 11, 79098, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Burger Chalet [Burger Chalet] E Burger, frësch zoubereed, 100% ouni Konservéierungsstoffen, Aromen an Faarwstoffen, regionaalt Fleesch, frëscht Brout vum Bäcker a selwer gemaache Saucen. Méi muss een do net méi soen, ausser vläit: Chili-Cheese-Fries! Niemensstraße 9, 79098, Freiburg, Germany |
![]() | Frexit - Live Escape Room [Frexit] Du hues Loscht op Spannung? Léis gär Rätselen, knacks Verschlësselungen, denks em den Eck an keen Challenge ass dir an dengen Kollegen oder denger Famill ze héich? Dann bass du hei genau richteg: Frexit ass deen éischten Live Escape Room zu Freiburg! 1 Team, 1 Raum an eng Stonn. D'Missioun ass folgend: Raus aus dem Raum a 60 Minutten. St. Georgener Str. 7, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | freiBurger [freiBurger] Bei hinnen kënnt nëmmen frëscht an 100% bescht Rëndfleesch vum Lavagrill op de Burger ... frësch gebake Burgerbréidercher vum Freiburg Bäcker Lienhart ... all Dag frësch geliwwert, knackeg Zalot ... selwer gemaachen Zoossen, chutney a relishes, genau sou wéi och hier Gemüsebratlinge an hieren Chili con Carne, an nach villes méi! einfach bis laanscht goen! Schiffstraße 16, 79098, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Laser Space [Laser Space] Och Freiburg huet eng Lasertag-Arena. 1 Ronn: 6,50 € 2 Ronnen: 13 € 3 Ronnen: 18 € All You Can Tag: 25 € - sou vill spiller wéi du an 3 Stonnen packs. Freak Out: Méindes-Freides 3 Ronnen fir de Präis vun 2 Ronnen - Check-In: 14-16 Auer. Liebigstraße 2A, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Lago [Lago] Komm a genéiss den Ambiente vun dësem Restaurant mat der schéinster Vue op de Seepark an dem Schwarzwald. Si hunn eng badisch-mediterran Kichen, déi dech non-stop vu Méindes bis Sonndes, vun 12 - 22.00 Auer, verwinnt. Hier Menüskaart gëtt mat saisonale Geriichter an engem ofwiesslungsräichen Wochemenü ergänzt. Iwwregens hunn si och e grousse Choix un Kich an Taarten. Sonndes an Feierdags kann een hei wonnerbar brunchen. Gerhart-Hauptmann-Straße 1, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Heldenbude [Heldenbude] Dëse Café zielt zu den "verborgenen Theken" hei zu Freiburg an et lount sech deen eng Kéier méi genau unzekucken. Virun allem Donneschdes! Dann kënnt nämlech en Food Truck mat mexikaneschem Iessen laanscht. D'Iessen hëllt een sech beim Truck, iessen kann een dann am Café Heldenbude. Dat Konzept an dat Iessen ass den Ament esou heiß begehrt, datt den Här Held amgaang ass esou een zweeten Dag an der Woch ze organiséieren.. Langemarckstraße 103, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Süden [Süden] De Quartier Vauban ass u sech jo schonn eng Sehenswürdegkeet. Ma hei ginn et och flot Caféen an Restauranten. sou zum Beispill de Restaurant Süden. Och wann den Dekor vum Restaurant ganz am franséische Stil gehalen ass, offeréieren si net nemmen franséisch Geriichter un, mee si bidden e grousse choix un vegetareschen, biergerlechen, mediterranen, an internationalen Menüer un. Alfred-Döblin-Platz 1, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Mondo [Mondo] Bei hinnen fënns du Spezialitéiten aus aller Welt an d'Gaaschtfrëndlechkeet vun engem richtegen Freiburger Restaurant. Si entféieren dech an aner Iesskultueren, andeems si hier Kaart regelméisseg änneren an nei Spezialitéiten aus de verlockendsten Ecken vun dëser Welt ubidden. Glëschs du awer no Schnitzel, Käsespätzle oder aneren regionalen Menüen, dann wäerten si dech sécherlech net enttäuschen. Johann-von-Weerth-Straße 9, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Walfisch [Walfisch] E Café fir déi e bësse méi rau ënnert iech: hei left Metal, Hard- a Punkrock. Mee och fir all Panesch-Fans ass deen hei Café interessant: all Donneschden kriss du hei Panescher à volonté. De Rekord läit bei 19 Panescher (Stand: März 2016) Schützenallee 1, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Bowlingpark [Bowlingpark Westside]
Ensisheimer Str. 5, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Fussballstadion [Fussballstadion] Hei kanns du den SC Freiburg tatkräfteg ënnerstëtze kommen. Schwarzwaldstraße 193, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Eishockey Stadion [Eishockey Stadion] Äishockey geet virun an d'Stëmmung ass bombasteg. Komm a feier d'Freiburger Wölfe un! Ensisheimer Str. 1, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Basketball: Die Eisvögel [Basketball] D'Freiburger Dammen, d'Eisvögel, spillen an der 1. Bundesliga. Et ass dowert sech emol ee Match ukucken ze goen. Schwarzwaldstraße 175, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Café auszeit [Café auszeit] Du brauchs e Kaffi? Dann bass du hei genau richteg. Awer och fir Téi-Frënn ass beschtens gesuergt. Ausserdem kriss du hei leckere Kuch! Belfortstraße 25, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Sedan Café [Sedan Café] Den Sedan Café ass genau sou eng Kaffi-Oas ewéi den Café auszeit. Sedanstraße 9, 79098, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Vorderhaus [Vorderhaus] Kultur an der Fabrik. A punkto Kultur, geess du am beschten op hiere Site kucken, wat um Programm steet. Soss gëtt et hei och nach eng Fahrradwerkstatt, wou s du selwer un dengem Vëlo schrauwe kanns an all d'Materialien zur Verfügung stoen hues. Top fir all Student, well et gëtt dech méi bëlleg, wéi däi Vëlo irgendwou ofzeginn an Sue fir Geschier kanns du dir och spueren. Am Vorderhaus gëtt et och e gude Restaurant, deen Sonndes e Buffet fir ze Brunchen opstellt. Habsburgerstraße 9, 79104, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Bierhandlung [Bierhandlung] Endlech emol gudde Béier! E Belsch huet mat senger Frëndin zu Freiburg en Béierdelikatesse-Buttek opgemaach, wou een 250 verschidden Zorte Béier aus aller Welt ze drénke kritt.
Wannerstraße 3, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Cheers Den Cheers ass den Stammcafé vum SLUF. Hei treffe mir eis all Dënschden um 20.00 Auer. Den Cheers ass e flotten Café, wou ëmmer eng lass ass. Hei kritt een och gutt Burgeren z'iessen. An der Mehlwaage 8, 79098, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Ganter Brauereiausschank [Ganter Brauereiausschank] D'Stammhaus vun der Brauerei, wou een och gutt iesse kann. Münsterplatz 18-20, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Oishii - Sushi & Grill [Oishii] Am Oishii gëtt et keng Menükaart, mee en iPad. All you can eat ass zu verschiddenen Zäite richteg gënsteg. Fir méi Infos einfach op hiere Site laanscht goen. Dee selwechte Restaurant gëtt et och an de Westarkaden (Breisacher Str. 149). Kaiser-Joseph-Straße 273, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Oishii - Sushi & Grill [Oishii] Am Oishii gëtt et keng Menükaart, mee en iPad. All you can eat ass zu verschiddenen Zäite richteg gënsteg. Fir méi Infos einfach op hiere Site laanscht goen. Dee selwechte Restaurant gëtt et am Zentrum (Kaiser-Joseph-Straße 273). Breisacher Straße 149, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
![]() | Eimer [Eimer] Café-Bar-MusicPub. E Café, wou haaptsächlech Rock a Metal leeft. Eng mega cool Equipp hannert dem Comptoir an eng genial Atmosphäre am Café. Ass sécherlech e Besuch derwäert, och wann een sech selwer net zu der Rock- oder Metalszen zielt. Belfortstraße 39, Freiburg im Breisgau, Deutschland |
Du vermëss eng Plaz an eiser Lëscht? Dann schreif eis eng Email mam Numm vun déier Plaz, Adress an eng kuerz Beschreiwung, respektiv, wat déi Plaz sou besonnesch mécht.
Wou wat genau leeft – sief et lokal Noriichten hei zu Freiburg, Partys, Concerts, an an an… – fënns du op fudder.de