Wéi kënnt een eigentlech hin an zréck?
Freiburg läit +-300 km südëstlech vu Lëtzebuerg. Et gi puer Méiglechkeeten déi Streck zréck ze leeën.
Mam Auto brauch een ca. dräi Stonnen – virausgesat et geréit een net zu Stroossbuerg an de Stau. Dofir iwwerlee dir am viraus um wéi vill Auer du fort fiers. Am beschten nämlech esou, datt s du net Moies tëscht 8 an 10 Auer, awer virun allem net Owes tëscht 16 an 19 Auer laanscht oder duerch Stroossbuerg fuere muss. Fir dës Streck falen ongeféier 20€ Bensinskäschten un an dann kommen nach bis zu 8€ Péage dobäi. Et lount sech also aner Leit mat ze huelen. An eiser Facebook-Grupp „Lëtzebuerg <> Freiburg im Breisgau“ kann een no Matfuergeleeënheeten, resp. no Leit fir mat ze huelen, sichen. D’Leit froen normalerweis 15€ fir ee matzehuelen.
Deen neien Trend an Däitschland sinn d‘Fernbussen. Mat deene Bussen kann een richteg bëlleg reesen. Bis elo ass eis nach kee Bus bekannt, dee vu Lëtzebuerg op Freiburg fiert, ouni 12 Stonnen oder sou ze brauchen. Dee komfortabelsten Trajet ass vun Tréier oder Saarbrécken aus. De Präis variéiert tëscht 9 an 20€, jee nodeem wéi vill Plazen am Bus nach fräi sinn. Vun Tréier aus brauch een ongeféier 4,5 Stonnen a vu Saarbrécken aus ronn 3 Stonnen. De Billet fir de Fernbus keeft een am viraus online. Tëscht Lëtzebuerg a Saarbrécken zirkuléiert e Bus vum Emile Weber, deen just 1,5 Stonnen fir déi Streck brauch. Den Saarbrücken-Express ass awer net op de Fernbus ofgestëmmt. Wann s du also op dee Bus ugewise bass, dann pass op den Zäitplang op.
An zu gudder lescht bleift engem nach d’Eisebunn. Hei kann een tëscht dräi Trajeten wielen. Trajet N°1: duerch Däitschland brauch een 4h44, et muss een 2 mol ëmsteigen (zu Saarbrécken an zu Mannheim) an et kascht ëm déi 80€. Trajet N°2: duerch Frankräich brauch een 4h38, et muss een 3 mol ëmsteigen (zu Metz, zu Stroossbuerg an zu Offenburg) an dee Billet kascht ëm déi 70€. Trajet N°3: wann een den TGV tëscht Lëtzebuerg a Stroossbuerg hëlt, gewënnt een eng Stonn, d.h. et brauch een nëmmen 3h38, an et muss een just 2 mol ëmsteigen (zu Stroossbuerg an zu Offenburg). D’Käschte fir den Trajet N°3 variéieren extrem staark, mee och fir déi aner Trajeten sinn déi Präisser net fix, virun allem Sonndes ass Zuch fueren oft nach eng Kéier méi deier. Déi Franséisch Bunn ass am Normalfall méi bëlleg ewéi déi Däitsch, well si reduzéiert Präisser fir Jonker tëschent 12 a 25 Joer hunn. Fir weider Informatiounen gees du am beschten op d’Säit vum CFL (LU), bei der SNCF (FR) oder der Däitscher Bunn. Op der Säit vun der SNCF an der Däitscher Bunn kann een d’Ticketen online kafen. Generell soll een ëmmer op d’Waardezäiten bei deenen verschiddenen Ëmsteig-Plazen oppassen a bedenk, datt Stroossbuerg eng grouss Gare huet.