Pubquiz

Den 6. Dezember sinn är gro Gehierzellen nees gefrot, well do organiséiert de SLUF déi nächst Oplag vu sengem Quizowend am Cheers! Ab 20 Auer gi Froen aus verschiddene Kategorië gestallt. Kommt laanscht a stellt är Intelligenz ënner Beweis – och onnëtzt Wësse ka vu Virdeel sinn! A keng Angscht, roden ass natierlech och erlaabt.
Kommt w.e.g. fir 19h30 an den Cheers, fir datt mir pénktlech ufänke kënnen. D’Gruppe gi geloust.

Opgepasst: De Pubquiz organiséiere mir fir eis Memberen (a Suff-Touristen). Leit, déi nach kee Member sinn, kënnen awer nach ganz gären zum Elchekand ginn, andeems si den Owend selwer oder am Viraus eng Memberskaart bei engem Comitésmember kafen.