Eise Studentecercle
Mir sinn eng Vereenegung, déi d’lëtzebuerger Studenten zu Freiburg vertrëtt an gehéieren eiser nationaler Vertriedung vun den lëtzebuerger Studenten, der Associations des Cercles d’étudiants Luxembourgeois – kuerz ACEL – un. Mir sinn, genau ewéi d’ACEL, souwuel politesch ewéi och ideologesch neutral, dat heescht dass mir keng bestëmmte parteipolitesch an reliéis Meenung vertrieden. Dat ass extrem wichteg fir dem Usproch, all d’Studenten representéieren ze kënnen, wëlle gerecht ze ginn. De SLUF zielt eng ronn 80 Memberen, fir déi iwwert e Semester verdeelt eng ganz Rei u flotten Aktivitéiten organiséiert gëtt. Donieft ass de SLUF de beschten Uspriechpartner wann et ëm d’Studéieren an d’Wunnen zu Freiburg geet. Ënnert dem Menüpunkt Freiburg fënns du Informatiounen an Tipps, déi fir e gudde Start an d’Studenteliewen hei zu Freiburg suergen sollen. Dënschdes ass während der Virliesungszäit eise lëtzebuerger Owend, wou mir eis entweder op eisem Stammdësch am Cheers treffen oder fir eng vun eise villen Aktivitéiten. Wann s du zoufälleg zu Freiburg bass, dann kontaktéier eis per Mail a mir soen dir, wou mir eis wéini treffen.
Eise Cercle steet dir bei all dengen Froen a Problemer zur Säit.