De SLUF invitéiert Iech all den 3.Juni op eisen Spikeball-Intercercle! Egal ob Expert*in oder Ufänger*in, jiddereen ass wëllkomm.
Mir starten moies um 11 Auer mam Spikeball-Turnéier. Do kann ee selwer entscheeden, ob ee matspillen oder léiwer säin Cercle ufeieren well. Fir ze drénken an eppes doteschend ze iessen ass natierlech Beschtens gesuergt. Owes gi mir dann all zesummen an d’Freiburger Innenstadt iessen an dono léiert dir d’Freiburger Nuetsliewen vu senger beschter Säit kennen. Et ass natierlech och méiglech, just fir d’Iessen, d’Drénken an d’Feieren ze kommen!
D’Turnéier selwer kascht näischt. Wärend dem Turnéier bidde mir iech fir eemoleg 5€ Breidecher, Zaloten an Gedrénks un. D’Iessen Owes kascht 25€.
D’Umeldung fir d’Iessen Owes ass erreicht komplett, wann dir déi 25€ bis den 28.Mee op de SLUF Konto (LU28 0019 5855 2238 5000) oder per Digicash (+352 621 712 204) iwwerwisen hutt! Vermierk: IC + Numm + Virnumm
Bis gläich zu Freiburg!