Hei zu Freiburg kann een praktesch alles studéieren. Op dëser Säit fënns du en Iwwerbléck iwwert D’Studieméiglechkeeten. Mat engem Klick op e Studiegang, kënns du op déi studiegangsspezifesch Infosäit vun der Uni, resp. Héichschoul. Ganz ënnen ass och eng Kaart, wou déi verschidden Fakultéiten vun der Uni Freiburg, esou ewéi d’Héichschoulen vu Freiburg agedroe sinn.
Bei denger Wiel wou a wat s du studéieren wëlls, solls du dech net vum Numerus Clausus ofschrecken loossen an schreif dech trotzdem an! Wéi op all Uni besteet ëmmer nach d’Méiglechkeet am „Nachrückverfahren“ nozeréckelen an eng Plaz ze kréien. Belooss et awer NI bei nëmmen enger Bewerbung op enger Uni.
Albert-Ludwigs-Universität Freiburg
Fir d’éischt hu mir hei d‘Albert-Ludwigs-Universität Freiburg (kuerz Uni Freiburg). Am Joer 1457 gegrënnt, gehéiert se zu den eelsten an renomméiertesten Unien aus Däitschland. D’Uni Freiburg bitt e ganz breede Spektrum u Studiegäng. Am Wantersemester 2013/14 hunn sech iwwer 24.700 Studenten ageschriwwen. En Iwwerbléck, wou sech déi eenzel Fakultéiten befannen, fënns du ewéi gesot weider ënnen.
Pädagogische Hochschule (PH)
Säit 1962 gëtt et déi staatlech pädagogesch Héichschoul zu Freiburg. 5.067 Studenten sinn am Wantersemester 2012/13 op d’PH gaangen. Et ass wichteg ze wëssen, datt en Lehramtsstudium zu Lëtzebuerg net unerkannt gëtt. Dat gëtt nëmmen unerkannt, wann ee am Kader vun der Uni.lu en Erasmussemester, oder -joer an Däitschland, mécht. D’Bachelor- an d’Master-Studiengäng halen sech hei leider a Grenzen. Dës Héichschoul befënnt sech am Véirel Littenweiler.
Studieméiglechkeeten | |
---|---|
Erziehungswëssenschaft | Gesundheitspädagogik |
Erziehung & Bildung | Kindheitspädagogik & Frühe Bildung |
Evangelische Hochschule (EH)
D’EH ass eng konfessionell, staatlech unerkannten Fachhéichschoul, déi säit 1918 besteet. Am Wantersemester 2014/15 hunn eng Ronn 1.000 Studenten op der EH studéiert. Dës Héichschoul läit am Quartier Weingarten. Den Evangelesche Glawen gëtt hei awer net praktizéiert an ass och keng Viraussetzung fir ugeholl ze ginn.
Katholische Hochschule (KH)
D’KH gouf am Joer 1971 gegrënnt an ass eng vun den fënnef Héichschoulen zu Freiburg an eng vun den siwen kathouleschen Héichschoulen an Däitschland. Am Wantersemester 2012/13 huet dës Héichschoul 1.716 Studenten gezielt. D’KH läit am Stadvéirel Herdern. Och hei spillt d’Relioun keng Roll während dem Studium an ass keng Viraussetzung fir ugeholl ze ginn.
Studieméiglechkeeten | |
---|---|
Heilpädagogik | Soziale Arbeit |
Musikhochschule 
Zu gudder Lescht huet Freiburg dann och nach d’Musikhochschule, wou een d’Méiglechkeet huet wëssenschaftlech Forschung ze bedreiwen an/oder eng kënschtleresch wéi och eng pädagogesch Ausbildung am Beräich Musek ze maachen.
Karte wird geladen - bitte warten...