Virstellung vum SLUF

De SLUF (Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg) ass ee vu méi wéi 30 Studentencercelen déi zur ACEL (Associatioun des Cercles Etudiants de Luxembourg) gehéieren a vertrëtt d’lëtzebuergesch Student*innen, déi zu Freiburg op der Uni oder enger Héichschoul ageschriwwe sinn. Momentan zielt de SLUF zirka 90 Memberen. De Cercle deen am Joer 1987 gegrënnt ginn ass, feiert dëst Joer säi 35. Gebuertsdag. D’Zil vum SLUF ass et duerch geleeëntlech Treffen an Aktivitéiten déi lëtzebuergesch Student*innen zesummen ze bréngen, gemeinsam e puer gemittlech Stonnen ze hunn an nei Frëndschaften ze schléissen. Trotz dem ganze Gefeiers geet et bei engem Cercle haaptsächlech dreems, den neie Studenten d’Liewen op der Uni an an der neier Stad méi einfach ze maachen.

Och de SLUF huet sech dëst als Aufgab gemaach an dat mat Hëllef vu reegelméissegen Erfarungsaustoscher mat méi eelere Student*innen. Egal op Wunnengssich oder den eegene Studium, gäre steet de SLUF a seng Memberen zur Verfügung fir allerlee Froen ze beäntwerten.

Och huet de SLUF eng separat Facebookgrupp fir Matfuergeleeënheete vun an op Freiburg (Lëtzebuerg <> Freiburg im Breisgau). Zu eise villen Aktivitéiten zielt ënner anerem d’Straba-Party, ee Weekend um Feldberg, d’Erstistee an d’Erstidaf, ee Pubquiz, ee Bowlingowend, eng Kaffisrallye, Participatioun um Tournoi de Noël an um Studentebal, déi vun der ACEL organiséiert ginn, an des weideren ass de SLUF och op diversen Intercerceln ëmmer gutt duerch seng Membere vertrueden. An der Virliesungszäit treffe mir eis zousätzlech reegelméisseg an eisem Stammcafé, dem Cheers, fir de wöchentleche Stammdësch. D‘Idee der hannert ass, sech kënnen ee mol d‘Woch mat anere Student*innen aus sengem Heemechtsland auszetauschen an sech ee gemittlechen Owend bei engem Landbier oder engem Glas Rosé ze maachen. Zousätzlech engagéiere mir eis och an der Studenteberoodung. Ee mol d‘Joer si mir fir Deuxièmes a Premières Schüler*innen op der Foire de l’Etudiant zu Lëtzebuerg an der Luxexpo, fir hinnen d’Stad, d‘Unien a Studenteliewe vu Freiburg méi no ze bréngen an hinnen Informatiounen iwwert hiert potentiellt Studium ze liwweren. Ausserdeem vertriede mir net nëmmen d‘Albert-Ludwigs-Universität, mä och déi aner restlech Héichschoule vu Freiburg an informéieren iwwert d‘Offer vun den ënnerschiddleche Studiegäng déi een op de jeeweilege Schoule wiele kann. Nieft eise ville Memberen hunn mir och nach ee Maskottchen, den Elchi, hie vertrëtt de SLUF op de Soziale Medien a passt och ëmmer op all Event gutt op seng Memberen op. Wann s du méi vum Elchi wëlls matkréien, da follow hien op Instagram an add en op Facebook. Hie wäert sech mat Sécherheet iwwert d’Ufro freeën.