Wunnéngssich

Wéi fannen ech meng Wunneng oder mäi WG-Zëmmer?

D’Wunnengssich hei zu Freiburg ass net esou einfach. Et brauch een jiddefalls vill Zäit a Gedold. Dofir hu mir dir hei e puer Tipps & Tricks zesummen gesicht, déi dir op der Sich no denger Studentewunneng hëllefe sollen.

WG-Gesucht

ass eng Studentenbörse fir Immobilien. Hei stellen d’Leit online, w10736024_10152578090467912_2045466406_nann en Zëmmer an enger Wunngemeinschaft fräi gëtt. Et fënnt een awer och Wunnéngen do. Du selwer kanns e Gesuch, also eng Annonce, op dëser Säit publizéieren, datt s du op der Sich bass an no wat s du genau sichs, wouropshinn Leit, di eppes wëlle lass ginn, dir äntweren kënnen. Dorop soll een sech natierlech net verloossen a selwer ëmmer erëm era kucken.
icon-set-pfeil

Zypresse

© Charly Kleinass eng gratis Zeitung mat ganz villen Annoncen. Déi leien hei op verschiddene Plazen aus, sou z.B. a verschiddenen Sparkassen, niewent den Bankomater. Huel dir esou eng, kräiz déi Wunnengen un, déi dech interesséieren a ruff dohin un. Oft ginn et och oppe Besichtegungen. Deen Ament ass en Datum an eng Auerzäit uginn, wou all Mënsch, deen sech fir déi Wunneng oder fir dat Zëmmer interesséiert, higoen kann. Erféier awer net, wann s du dech bei sou enger Porte Ouverte an d’Schlaang stelle muss fir dir d’Wunneng kënnen unzekucken. Zum Schluss vun der Visite kriss du en Ziedel, wou een zimlech perséinlech Froen beäntweren muss: Numm, Adress, Nationalitéit, awer och däin Akommes, respektiv dee vun dengen Elteren an op deng Elteren als Bierger a Fro kommen (eng „Bürgschaft“ aginn). „Bürgschaft“ heescht: deng Elteren kommen fir dech op, wann s du eng Kéier net méi genuch Suen hues, fir de Loyer ze bezuelen.
icon-set-pfeil

Schnapp© Charly Klein

De Schnapp ass dat selwecht wéi d’Zypresse just am bloen, d.h. och eng Zeitung mat Annoncen fir all Servicer a Beräicher, déi ee fir näischt kritt. De Schnapp läit meeschtens niewent der Zypresse.
icon-set-pfeil

Immobilienscout24

Hei handelt et sech em eng riesech Immobiliensäit. Genau ewéi bei WG-gesucht kann een och hei uginn no wat ee sicht. Just an dësem Fall kriss du Email, soubal eng Annonce dobäi komm ass, déi dengen Sichcritèren entsprécht. Et ass dann un dir, dech bei deem Vermieter oder Makler ze mellen.
icon-set-pfeil

Wohnungsdatenbank vun der Uni Freiburg

Hei kann een ganz einfach no Wunnengstyp an Uertschaft (Freiburg oder Viruert) sichen. Den Nodeel ass, datt een op den éischte Bléck nëmmen dat Néidegst ugewise kritt an een weider Informatiounen, wéi z.B. Fotoen, fir d’éischt ufroe muss.
icon-set-pfeil

Wohnungsengel

Si verspriechen, datt s du mat deem Site virun all deenen aneren vun enger Wunneng gewuer gëss. Dëse Site funktionéiert ähnlech ewéi Trivago just fir Immobilien.
icon-set-pfeil

Studentenwohnheim1392559_10151799924082912_1608772611_n

En Iwwerbléck vun den Studentenwohnheimer zu Freiburg fënnt een beim Studentenwerk. Si hunn och sur Place eng „Pinnwand“, wou si déi Annoncen, déi bei hinnen erakomm sinn, ophänken.
icon-set-pfeil

SLUF – Facebook-Säit

Op eiser Facebook-Säit schreiwen d’Lëtzebuerger Studenten, wann si no hirem Studium e Locataire fir hier Wunneng oder Zëmmer sichen.
icon-set-pfeil

Soubal eng Telefonsnummer do steet, soll een uruffen. Op Emaile kritt een net ëmmer eng Äntwert. Ab Enn August äntweren d’Leit deelweis just nach op all 10. Email, sou vill kréien si der eran. A soubal en Datum an eng Auerzäit vun enger oppener Besichtegung dobäi steet: einfach higoen. Dofir muss een sech net per Mail umellen.

Wat ass eng Provisioun?

Säit dem 1. Juni 2015 ass et net méi den Mietinteressent, deen d’Maklerprovisoun bezuele muss, mee den Vermieter, also deen, deen de Makler ustellt d’Wunneng ze verlounen („Bestellerprinzip“). Duerch dat Bestellerprinzip, verzichten ëmmer méi Vermieter op e Makler, sou datt keng Käschten u si selwer ufalen. Leeft d’Sich no engem Lokatär iwwert e Makler, dann huelen sech d’Vermieter déi Maklerprovisoun gär op anerem Wee zréck, och wann dat gesetzlech verbueden ass. Sou froen Vermieter no „Abstandszahlungen“ fir zum Beispill eng Einbauküche. Keeft een eng Wunneng, deelen sech a Baden-Württemberg an deene meeschte Fäll de Verkeefer an de Keefer d’Provisioun. Doduerch hunn sech verschidden Vermieter dozou entscheed, d’Wunneng net méi ze verlounen, mee ze verkafen.