Wëllkomm bei de Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg

Op eiser Säit fënns du all wichteg Informatiounen iwwert d’Studenteliewen zu Freiburg, dem Studentencercel SLUF an iwwert d’Aktivitéiten, déi mir wärend dem Joer fir eis Memberen organiséieren.

Freiburg ass eng beléifte Studentestad ënnert de Lëtzebuerger. Den Ament studéieren eng ronn 300 Lëtzebuerger Studenten*innen hei an dëser schéiner Stad am Schwarzwald. Mir freeën eis iwwert all weidere Member, deen sech fir Freiburg entscheet. Sollten deng Froen net all op eisem Site beäntwert ginn, da schreif eis eng Email oder via Social Media. Du kanns eis och gäre schreiwen, wann s du fir e puer Deeg op Freiburg kënns an du gär op eise Stammdësch oder soss op eng vun eisen Aktivitéite komme wëlls. Dann kënne mir dir op der Plaz op all deng Froen äntweren.