Wëllkomm bei de Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg

Op eiser Säit fënns du all wichteg Informatiounen iwwert d’Studenteliewen zu Freiburg, dem Studentecercle SLUF an iwwert d’Aktivitéiten, déi mir während dem Joer fir eis Memberen organiséieren.

Freiburg ass eng beléifte Studentestad ënnert de Lëtzebuerger. Den Ament studéieren eng ronn 300 Lëtzebuerger Studenten*innen hei an dëser schéiner Stad am Schwarzwald. Mir freeën eis iwwert all weideren Member, deen sech fir Freiburg entscheed. Sollten deng Froen net all op eisem Site beäntwert ginn, dann schreif eis eng Email oder via Social Media. Du kanns eis och gäre schreiwen, wann s du fir e puer Deeg op Freiburg kënns an du gär op eise Stammdësch oder soss op eng vun eisen Aktivitéiten kommen wëlls. Dann kënnen mir dir op der Plaz op all deng Froen äntweren.