Dem Elchi säin Newsletter November 2022

Léif Elchekanner,
den Elchi mellt sech mat den neisten News aus dem Schwarzwald zeréck.

Réckbléck
35 Joer loossen sech scho weisen! Dat duecht sech och den Elchi, wéi hien all seng Frëndinne
a Frënn op Freiburg agelueden huet, fir mat him säi Gebuertsdag ze feieren. Vum 4. bis 6.
November hu si e flotte Programm ënnerholl an dobäi och dat eent oder anert Mol op de SLUF
ugestouss. Hie seet jidderengem Merci fir de schéine Weekend!
Den 9. November hu sech eis Erstien all tapfer steeë gelooss a si kruten do och hiert
Erstibichelchen, Bis zur Daf am Fréijoer hu si elo Zäit d’Aufgaben doraus ze léisen. D’Stee
selwer war en Owend voller Magie, esou schnell wéi eis Zaubermeeschter*innen de Béier
ëmmer nees verschwanne gelooss hunn.

T-Shirt an Tricot: Zousazcommande
Momentan besteet nach ëmmer d’Méiglechkeet, sech en Trikot oder e 35-Joer-Sluf-Tshirt ze
bestellen. Mir behalen eis allerdéngs vir keng nei Commande an Optrag ze ginn, wa mir net
méi genuch Leit sollten zesumme kréien. Dofir maach dech elo schnell bäi a fëll de Forms aus!
Den T-Shirt kascht 20€ fir Memberen a 25€ fir Net-Memberen. Den Tricot krit een fir 35€.
https://forms.gle/KrvBRsqPJ7yjDqJX7

Cafésrallye
Op eiser traditioneller Cafésrallye zitt dir duerch d’Alstad vu Café zu Café, beäntwert ënnerwee
Froen a maacht divers Spiller an de verschiddene Pubs! Wann dir gäre bei eiser Rallye
matmaacht, da mellt iech w.e.g. iwwert dëse Formulaire un:
https://forms.gle/K8TLXcSP3k9wyoSDA
Bezuele kënnt dir entweder am Viraus oder den Owend selwer.
Präisser:

  • 20€ fir Memberen
  • 25€ fir Net-Memberen
    Treffpunkt ass um 19h um Bertoldsbrunnen, wou dir dann an är Gruppe gedeelt gitt.

Pubquiz
Den 30. November sinn är gro Gehierzellen nees gefrot, well do organiséiert de SLUF déi
nächst Oplag vu sengem Quizowend am Cheers! Ab 20 Auer gi Froen aus verschiddene
Kategorië gestallt. Kommt laanscht a stellt är Intelligenz ënner Beweis – och onnëtzt Wësse ka
vu Virdeel sinn! A keng Angscht, roden ass natierlech och erlaabt.
Kommt w.e.g. fir 19h30 an den Cheers, fir datt mir pénktlech ufänke kënnen. D’Gruppe gi
geloust. Umelle kënnt dir iech iwwert follgende Link:
https://forms.gle/icLF78esFvYUbWoi7
Opgepasst: De Pubquiz organiséiere mir fir eis Memberen (a Suff-Touristen). Leit, déi nach
kee Member sinn, kënnen awer nach ganz gären zum Elchekand ginn, andeems si den Owend
selwer oder am Viraus eng Memberskaart bei engem Comitésmember kafen.

Wanterhütt 2022
De Weekend vum 2. bis 4. Dezember 2022 ass erëm eis legendär Wanterhütt!! Iwwert dëse
Link kënnt dir iech nach weiderhin fir d’Waardelëscht oder fir een Owend umellen:
https://forms.gle/XNFfcpbWdZ5s5b3d8
Freides kënnt dir ab 18 Auer op d’Hütt kommen. Denkt drun äre Schlofsak an äert Kësse
matzebréngen. Et sinn zwar Better an der Hütt, mee kee Bettgedecks. Dir kënnt och gären
Duschsaache matbréngen, wann der wëllt do dusche goen. Fir déijéineg, déi samschdes wëlle
Schi fuere goen: Dir musst äert Material selwer matbréngen. Och ëm de Schipass këmmert de
SLUF sech net, dat musst dir selwer organiséieren. Vergiesst och net är Schlappen!!! Mir
dierfen net mat de Schong am Haus ronderëmlafen an de Buedem ass kal.
Fir ze bezuele, kënnt dir eis entweder:

  • eng Iwwerweisung maachen op: LU28 0019 5855 2238 5000
  • oder en Digicash op: +352 621 712 204 (Fabien Kohnen)
    mam Vermierk “Numm + Nonumm + Wanterhütt”.
    Am Fall, dass dir iech awer ofmelle musst, maacht dëst w.e.g. bis spéitstens den 30. November.
    All déi Ofmeldungen, déi nom dësem Datum kommen, kënne mir leider net méi
    rembourséieren, wa kee méi op der Waardelëscht steet.
    Hei nach e puer weider Informatiounen:
  • Fir déi Leit, déi zwee Deeg do schlofen, sinn dat 80€.
  • Fir déi Leit, déi nëmmen eng Nuecht do bleiwen, kascht dat ganzt 40€.
  • Fir déi, déi just do iessen, sinn et 15€ pro Owend.
    Aus Plazgrënn hunn déi Leit, déi sech fir 2 Deeg umellen, Prioritéit.
    Freides maache mir, Chili con/sin carne a samschdes Raclette. D’Gedrénks – ënnert anerem
    Béier a Glühwäin – ass am Präis mat dran. Och fir d’Frühstück wäert gesuergt sinn. Wann dir
    iech awer selwer nach eppes fir den eegene Bedarf matbréngen wëllt, kënnt dir dat roueg
    maachen.
    De Weekend op der Hütt ass och jiddereen gebieden e bësse matzehëllefen, wann et ëm
    d’Raumen, d’Botzen an d’Kache geet. Déi Saache maachen mir deelweis scho samschdes.
    Sonndes moies gëtt dann den endgültege Fäischlëff gemaach. Um 12 Auer musse mir d’Hütt
    spéitstens verloossen.
    Mir maachen och nach eemol e Post an d’Veranstaltung, fir ze klären, wien mat wiem dorobber
    fiert.
    Wann dir soss nach Froen hutt, mëllt iech gäre bei engem Comitésmember.
    Mir freeën ons scho mat iech a mam Elchi de Weekend e puer lëschteg Stonnen ze verbréngen.
    PS: Hoffentlech hutt dir iech dëst Joer gutt geschéckt, well et erwaart iech och eng kleng
    Iwwerraschung.

Freiburger Bal
SAVE THE DATE !!! …well de SLUF invitéiert iech op säin traditionelle Freiburger Bal.

Wéini? Den 22. Dezember 2022 ab 22h
Wou? An der Fabrik zu Miersch
Entrée ab 18 Joer
De Präis?

  • Virverkaf: 7€
  • Oweskeess: 10€

De Virverkaf kritt dir beim Sluf Elch iwwer Facebook an Instagram oder bei engem vun de
Comitésmemberen.
Bis den 22. um Freiburger Bal, wann dir är Zauberkonscht ënner Beweis stelle kënnt, ganz
nom Motto: Zaubers de Bal?!

Intercercle-Radar
Datum Intercercle Umeldung
24.11.2022 AELK Badische Meile https://aelk.lu/aktiviteit/104
Fir weider Infoen zu den Intercercle frot einfach beim Comité no.
Hei de Kalenner mat allen Eventer. Leider huet d’Straba missten duerch de Karaoke ersat ginn.
D’VAG léist d’Reservéierung vun engem Partywon nach ëmmer net wéinst Corona zou.

  • Februar Assemblée générale
    De Stammdësch fënnt all Mëttwoch ab 20h am Cheers statt.
    Falls dir interesséiert sidd an enger vun eisen Equippe fir den Tournoi de Noël matzespillen, da
    mellt iech w.e.g. einfach bei eisem Sportminister, dem Maurice Thomé.


    Haalt äert Gewei weiderhin schéi steif,
    Ären Elchi
    1. November Cafésrallye
    2. November Pubquiz
      2.-4. Dezember Wanterhütt
    3. Dezember Chrëschtmaart
    4. Dezember Freiburger Bal
    5. an 28. Dezember Tournoi de Noël
    6. Januar Bowling
    7. Januar Karaoke
    8. Februar Assemblée générale
      De Stammdësch fënnt all Mëttwoch ab 20h am Cheers statt.
      Falls dir interesséiert sidd an enger vun eisen Equippe fir den Tournoi de Noël matzespillen, da
      mellt iech w.e.g. einfach bei eisem Sportminister, dem Maurice Thomé.


      Haalt äert Gewei weiderhin schéi steif,
      Ären Elchi