Dem Elchi säin Newsletter Abrëll 2023

Léif Elchekanner, 

déi lescht Kéier wou ech mech iwwert dëse Wee gemellt hunn, ass scho laang hier a säitdeem ass scho vill Béier d´Strass erof gelaf. Also loosse mir emol fir d’éischt déi lescht Eventer Revue passéieren an da kritt dir vu mir nach déi wichtegst News fir déi nächst Wochen. 

Réckbleck 

Enn puer vu menge Membere si mat de Kolleegen vun der AELK vum 12.- 15. Januar an d’Zillertal an d’Schivakanz gefuer wou se ofgesinn vu flotte Pisten och nach Drëppen aus der Distillerie niewendrun genéissen konnten. 

Ugefaangen huet d’Joer zu Freiburg den 16.Januar, wou mer eis dunn méi oder manner effektiv un de Bowling erun getraut hunn, op Freed oder Leed deen Owend gouf alles gedeelt. 

De 25.Januar konnt dann jiddereen seng Engelsstemm eraus loossen an um Karaokeowend seng Lieblingssongs trälleren.

An zum Ofschloss vum Semester gouf den 1.Februar mäin néie Comité gewielt. 

President: Grégory Kieffer Vize-President: Yves Lucas Sekretär: Nicolas Maitry Tresorier: Fabien Kohnen Sportministesch: Anna Giampaolo Sponsoring: Maurice Thomé Design: Catherine Theisen Webmaster: Metty Kapgen Eventmanagement: Claire Mehlen, Nina Rollinger, Jacques Theisen 

Kommunikatioun: Kim Frauenberg, Yves Lucas 

Merchandise: Rachel Backendorf, Fiona Jacoby, Lis Theisen 

Dat neit Semester huet mat engem Knall ugefaangen, d’Summer Boume den 19.Abrëll war een vollen Erfolleg, Merci un jiddereen deen mat mir esou schéin an d’Semester gestart ass.

Kommend Eventer: 

Stammdësch vum 26.Abrëll 

Nächst Woch fënnt eise Stammdësch ausnamsweis net am Cheers statt op Grond vun Aarbechten, mee dovu loosse mir eis net ofhalen dowéinst kommt alleguer ab 20:00 an de Feierling. 

Pubquiz 

Den 3.Mai sinn dann är gro Gehierzellen gefrot, well de Pubquiz steet um Programm an et gëllt ze beweisen wien am meeschte Wëssen am Käppchen verstoppt. RDV ass um 19:30 am Cheers domat mir mat Zäiten ufänke kennen. D’Gruppe gi geloust also mellt iech bis den Dag selwer spéitstens 18:00 un. De Link ass eng Woch am Viraus op Facebook an um Internetsite ze fannen (sluf.lu). 

Ersti-Daf 

Treffpunkt ass den 10.Mee um 19:00 um Platz der alten Synagoge un all eis Erstien déi gären matmaachen wëllen mellt iech w.e.g bis den 27.Abrëll um 18:00 un iwwer den Site un http://www.sluf.lu/ersti-daf/ 

Pätteren an Giedelen sinn awer natierlech och häerzlech invitéiert fir deen Owend hier Erstien unzefeieren. 

Bréngt den Owend vun der Daf äert ausgefëllten Daf-Bichelche mat, fir är Chancen op den Titel vun der Miss an dem Mister Sluf ze erhéijen. 

Falls nach Leit do sinn déi net gesteet goufen an d’Daf awer gäre wëlle matmaachen, da kenne si sech gäre beim Comité mellen! 

Eis Daf ass natierlech fräiwëlleg a mir zwénge keen zu eppes! 

Bei schlechtem Wierder gëtt d’Daf eng Woch nohannengereckelt (17.Mee)

ING-Marathon 

Den 20.Mee ass den ING-Marathon an der Stad an hei sinn ech op är Hëllef ugewisen. Wéi déi Jore virdrun och, gi Leit gebraucht déi bei der Block Andeelung hëllefen an zum Schluss Medaillë verdeelen domat mir e Gedrénksstand bedreiwen dierfen deen hoffentlech vill Suen an eis Kees bréngt. Dann ass nämlech mäin Tresorier frou, awer och dir dierft iech freeën, well mer esou eis Eventer finanzéiere kennen. 

Är fläisseg Hëllef a geopfert Zäit gëtt natierlech och belount, dir erhaalt een Virrecht op eist Ganter-Event a well mer eis net lompen loossen gëtt och nach e Patt uewendrop. Mëllt iech w.e.g iwwer den Site un, domat ech dat besser organiséieren kann. http://www.sluf.lu/ing-marathon/ 

Save the Date 

Weider Eventer am Summersemester sinn : 

Spikeball Intercercle – 3.Juni 

Nationalfeierdag – 23.Juni 

Wanderdag – 25.Juni 

Wäinfest – 7.Juli 

Ganterevent – 21./22.Juli 

Intercercle-Radar 

Datum Intercercle Umeldung 

6.Mee+7.Mee Bonn in Flammen https://forms.gle/PGroTWo Ky4Lmbr2d8 

26.Mee- 28.Mee Saufest LSW https://docs.google.com/form s/d/e/1FAIpQLSfvDqT475cb 

LjRUSgNKJ1HtV473zj8FCi 

Rj5gIFuKsGspFa8A/viewfor 

m?usp=sf_link 

3.Juni Spikeball Intercercle nach net op, wärt iwwer den Site laafen 

8.+9. Juni Beachvolleyball LSK https://u.lsk.lu/forms/lsk-ic-2 023

Kolumne: 

Zum Schluss dann nach 2 Gastbeiträg mat deenen ech näicht ze dinn haat. 

Funfacts vun der Biologin: 

-Am Sperma sinn vill Endorphine, dat zielt als kleng Antidepressiva-Pell an et hëlleft als Anti-Aging-Crème. 

-Delfinen hunn zum Spaß Sex an dofir geschéien bei hinnen oft Vergewaltegungen. -D’Weibercher vun der Gottesanbeterin friessen d‘Männchen nom Sex op. -Bei der Breitfuß-Beutelmaus stierwt d‘Männche nom Sex, well et sech souvill ausgetoobt huet. -De Varanus bitatawa huet zwee Penissen. 

Wäisheeten vum Zänndokter: 

-Beim Alkohol drénken exen, fir dass den Zocker an d‘Seier net ze laang am Mond sinn (dat ganzt kennt der op der berüümter Stee üben). 

-No enger Zahnextraktion ab dem zweeten Dag mat Pfeffi nospullen fir dass d‘Zännfleesch gutt gebotzt gëtt. 

-Bal all Dag Zännseid oder Interdentalbürstchen benotzen an och wann et blutt weider maachen. -Zwee Mol am Joer bei ären Sluf-Zänndokter vum Vertrauen an d‘Kontroll goen an den Zännsteen ewechmaachen loossen. 

-Wann een de Schnapp huet an dann bemol d‘Zänn am Oberkiefer wei dinn, dann huet een meeschtens eng Sinusite. 

Haalt äert Gewei steif an bis geschwenn, 

Ären Elchi