Dem Elchi säin Newsletter Januar 2023

Léif Elchekanner,
den Elchi an de Comité wënschen iech alleguer nëmmen dat Bescht fir dat neit Joer. Op e
weidert erfollegräicht Joer mam SLUF am Suff! Hei kritt dir déi wichtegst News fir den Ufank
vum neie Joer.


Réckbléck
Trotz ville Krankheetsausfäll an ouni datt eis dëst Joer d’Corona-Regulatioune Problemer
bereet hunn, goufen d’Elchekanner den 23. November op eiser Cafésrallye a 6 verschiddene
Gruppen duerch Freiburg geschéckt, fir d’Aufgaben ze léisen, déi den Elchi fir si virbereet hat.
Bravouréis gouf bestach a bestieche gelooss – an natierlech gouf och déi eng oder aner Aufgab
geléist. Schlussendlech konnt sech d’Grupp 5 Freunde minus de Günter zum Ultimum Victor
kréine loossen. Häerzleche Gléckwonsch!
Den 30. November goufe beim Pub-Quiz dann erëm eng Rëtsch gro Gehierzelle reaktivéiert …
oder am Frust ersoff. D’Equipe Wou ass den Tom/Do ass den Tom huet allerdéngs bewisen,
datt si keng Wissenslücke haten, an esou konnte si sech dës Kéier den Titel vun den
Allwëssende souverän sécheren. Och hinnen häerzleche Gléckwonsch!

De Weekend vum 2. bis 4. Dezember war den Elchi mat enger Rëtsch Elchekanner op
d’Wanterhütt. Wann der wësse wëllt, wéi et war, da maacht iech d’nächst Joer bäi fir
matzegoen, well wat op der Hütt geschitt, bleift op der Hütt!
De 14. Dezember war dunn de leschten Event fir d’Joer 2022 zu Freiburg: Zesumme mat e puer
Daperen an trotz de stramme Wiederkonditioune war den Elchi de Glühwäin op de Freiburger
Wantermaart schmaachen. Fazit: En ass nawell gutt gerutscht! (pun intended )
Den 22. Dezember huet de SLUF fir déi 2. Kéier de Freiburger Bal zu Miersch an der Fabrik
organiséiert. Nodeems mir d’lescht Joer dem Xavier an dem Zürcher hu misste Merci soen, datt
mir d’Bud voll kruten, hu mir dëst Joer bewisen, datt mir de Bam och ganz eleng zum Brenne
kréien! Mir soen iech all villmools Merci fir dësen onvergiesslechen Owend an hoffen
de Bal war fir iech esou e VOLLEN Erfolleg wéi fir eis! (PS: Falls nach iergendeen eng
Jackett vermësst oder ee kennt… De Comité huet nach ëmmer eng, déi nom Bal an der
Garderobe hänke bliwwen ass.)

De 27. an 28. Dezember goufen dem SLUF seng Faarwen an enger Drénk- an 3
Sportskompetitiounen um Tournoi de Noël vertrueden. Och wann et am Volleyball net fir
d’Titelverdeedegung duergaangen ass, hu mir eng staark 4. Platz gemaach. Am Basket si
mir déi 11. ginn an am Fussball hu mir eng 13. Plaz erausgeschloen. Merci un d‘Sportler*inne
fir hiren Asaz wärend deenen 2 Deeg an natierlech och un all d’Membere fir déi lautkräfteg
Ënnerstëtzung.

Kandidatur fir an de Comité & ëffentlech Comitésversammlung
De SLUF sicht nei Comitésmembere fir d’Joer 2023. Wann dir interesséiert sidd, da schéckt eis
w.e.g. aus organisatoresche Grënn bis den 31. Januar 23h59 är Kandidatur un:
comite.sluf@gmail.com. Spontan Kandidaturen den Owend vun der AG selwer sinn natierlech
och nach méiglech.
Mir freeën eis iwwert all Kandidatur an et geet och vollkommen duer, wann dir an der Mail just
schreift: “Ech kandidéiere gären, fir an den nächste Comité ze kommen”. Mir brauche keng
ganz CV.
Fir déi Interesséiert ënnert iech, bitt den aktuelle Comité iech och d’Méiglechkeet fir eng Kéier
an eng Comitésversammlung schnupperen ze kommen. Dëst ass de Fall mëttwochs, den 11.
Januar um 18h an der Bibliothéik vum Wirtschaftsseminar. Wann dir komme wëllt, da sot
w.e.g. just am Viraus engem Comitésmember Bescheed.

Bowling
Wie kann am SLUF am beschte bowlen?
Dës Fro beäntwerte mir méindes, de 16. Januar 2023 am Sportpark Freiburg (Ensisheimer Str.
5). Mee och déi, déi sech net musse beweisen, mee einfach ee flotten Owend wëlle verbréngen,
sinn häerzlech invitéiert matzemaachen.
De SLUF wäert e puer Bunne reservéieren. D’Plaze si limitéiert an d’Léit mat enger aktueller
Memberskaart hu Virrang. Dofir mellt iech w.e.g. iwwert follgende Link un:

https://forms.gle/jtAiGCEZ9q1DpWk37
De SLUF spendéiert déi éischt Ronn. Selwer bezuele muss een all weider Ronn, d’Schong an
d’Consommatiounen un Iessen a Gedrénks.
Jidderee soll um 19:00 Auer virum Sportpark sinn, fir datt mir pünktlech um 19:30 Auer kënnen
ufänken.
Op d’Plaz kënnt ee mat der Linn 4 Richtung Messe an erausklamme muss een da beim Arrêt
Berliner Allee. Vun do aus muss een nach 5 Minutten zu Fouss goen.
Den Elchi freet sech op eng spannend Competitioun an ee relaxen Owend!


Karaoke
Schmiert schonn emol är Stëmmbänner, well de 25. Januar ass ab 20h e Karaokeowend am
Cheers ugesot. Egal op Taylor Swift, Apache 207, Electric Callboy oder Darude Sandstorm:
mir wëllen är Engels- an Däiwelsstëmmen erkléngen héieren!

Assemblée Générale
Den 1. Februar ass et nees esou wäit: mir verabschiden den ale Comité vun 2022 a wielen a
begréisse ganz häerzlech den neie Comité 2023.
Weider Infoen zur Auerzäit, Plaz an zum Ordre du Jour kommen nach no.
Wann dir interesséiert sidd fir ze kandidéieren, da kuckt weider uewen.
Den Elchi freet sech op all eenzelt bekannte Gesiicht an op frësche Wand am Comité!

Intercercle-Radar
Datum Intercercle Umeldung
24-26.02.2023 Friblëtz Ski-Weekend
https://forms.gle/Uup8p6XhJs4VMfUt6
Fir weider Infoen zu den Intercercle frot einfach beim Comité no.
Den Datum vum Bowling gouf ëm 5 Deeg no hanne verréckelt. Hei elo den aktuelle Kalenner:

  • Februar Assemblée générale


    De Stammdësch fënnt all Mëttwoch ab 20h am Cheers statt.
    Haalt äert Gewei weiderhin schéi steif,
    Ären Elchi
    1. Januar Bowling
    2. Januar Karaoke
    3. Februar Assemblée générale


      De Stammdësch fënnt all Mëttwoch ab 20h am Cheers statt.
      Haalt äert Gewei weiderhin schéi steif,
      Ären Elchi