Albert-Ludwigs-Universität Freiburg

D’Haaptuni vu Freiburg gouf den 21. September 1457 gegrënnt an ass domadder eng vun deenen eelsten an Däitschland. Duerch hier laang Traditioun huet d’Universitéit national sou wéi international eng héich akademesch Reputatioun. Op der Uni si Fächer aus all de Fachberäicher ugebueden, dofir gëllt se als Volluniversitéit. Ausserdeem sinn all déi 11 Fakultéite vertrueden, nämlech:

  • Biologie
  • Chimie a Pharmazie
  • Mathematik a Physik
  • Medezin
  • Philologesch Fächer
  • Philosophesch Fächer
  • Rechtswëssenschaften
  • Technesch Fächer
  • Theologie
  • Ëmwelt a natierlech Ressourcen
  • Wirtschaft a Verhalenswëssenschaften

Aschreiwung

ZULASSUNGSBESCHRÄNKTE FÄCHER

Fir di zulassungsbeschränkte Fächer muss den Antrag auf Zulassung tëscht dem 1. Juni a spéitstens dem 15. Juli dobanne sinn. Dëst kann awer no Fach changéieren, dofir muss de onbedéngt d’Bestëmmunge fir däi Fach um Site vun der Uni nokucken. Och d’Bewerbung ass fir verschidde Fächer mëttlerweil online.

Internetsite: http://www.studium.uni-freiburg.de/de/studienangebot/studienfaecher

D’Uni selwer huet och eng Check-Liste zesummegestallt fir d’ass en och näischt vergësst, wann en sech op der Uni bewerbe well.
Internetsite: https://www.studium.uni-freiburg.de/de/ bewerbung/international/vollzeitstudium-folder

Fir Humanmedezin an Zännmedezin muss de dech iwwert hochschulstart.de umellen. Fir méi Detailer fir de Medezinstudium ass et am beschten du mells dech bei der ALEM. (Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine)

ZULASSUNGSFREIE FÄCHER

Fir d‘zulassungsfräi Fächer kann e sech am Zäitraum vum 01. Juni bis de 7. Oktober bewerben. Hei muss der awer oppassen, dass d‘Bedingunge fir sech ze bewerben, nach bis zum Ufank vun der Bewerbungsfrist kennen änneren. Dofir och hei onbedéngt bei de fachspezifesch Bestëmmungen um Site vun der Uni nokucken!

Immatrikulatioun

Du hues dech dofir entscheet op Freiburg studéieren ze kommen, deng Demande gouf ugeholl, lo steet nëmmen nach d’Immatrikulatioun als op der To-Do-Lëscht. D’Immatrikulatioun fir International Studenten fënnt am Service Center Studium an der Sedanstraße 6 statt. D’Fristen fënns de hei:

https://www.studium.uni-freiburg.de/de/studierendenservices/ immatrikulation/immatrikulation

D’Öffnungzeiten sinn déi folgend:

Méinden, Dënsten, Mëttwoch, Donneschden: sou wéi Dënsten an Donneschden: 9.00 – 12.00 Auer 14.00 – 16.00 Auer.

Kontakt: international@service.uni-freiburg.de

Wat muss du mathuelen:

  • Zulassungsbescheid
  • Ofschlossdiplom am Original oder als offiziell Kopie
  • Nachweis der deutschen, gesetzlichen Krankenversicherung (des kanns de bei d’AOK sichen goen, déi ass direkt niewent dem Service Center Studium *)
  • Beleeg, dass de d’Gebühren bezuelt hues
  • Eng Exmatrikulationsbescheinigung wanns de schonn eng Kéier an Däitschland studéiert hues
  • Antrag auf Immatrikulation (kann schon am Viraus ausgefëllt ginn) p Nowéis, dat s de den Studienorientierungsverfahren gemaach hues p Als Net-EU-Bierger*in: Däi Pass mat gültegem Visum

*Befreiung vun der Krankeversécherung: D’Uni Freiburg freet eng Umeldung bei engerdäitscher Krankekeess. Di brauchs du als Lëtzebuerger awer net, wëlls de eng europäesch Krankekeesskaart hues an dofir europawäit versëchert bass. Du muss der nëmmen vun enger däitscher Krankekeess bescheinegen loossen, dass de zu Lëtzebuerg verséchert bass. Dofir kanns de einfach mat denger Krankekeesskaart bei d’AOK goen.

Studiengebühren: 161€ pro Semester. (Dat kann awer all Semester bëssen änneren.)