Ëmweltnaturwëssenschaften mam Jacques

JACQUES THEISEN
Studéiert Umweltnaturwissenschaften am Bachelor
op der Uni Freiburg.

De Jacques ass 21 Joer al a studéiert Umweltnaturwissenschaften. Hien ass elo a sengem 3. Semester.


Fir dass een ugeholl gëtt, brauch een eng Première oder ee gläichwäertegen Diplom an et gëtt een numerus clausus, deen em 2.5 ass.

Déi éischt Semester bilden Basiswëssen an den Naturwëssenschaften. Bio, Chimie, Physique a Mathe bilden ee substanziellen Deel vun den éischte Semester, awer et fänkt een och direkt mat Fächer wei Bodenkunde oder Geomatik un. Am 2. Semester kann een sech dann eraussichen wat ee gären am Niewefach géing maachen, wat integrale Bestanddeel vum Studium ass. Hei huet een 5 Méiglechkeeten zum Choix. Ab dem 4. Semester huet een dann déi éischt Wahlpflichtfächer an am 6. Semester huet een dann ee Praktikum vun 8 Wochen. Et gi virun allem Virliesungen ugebueden, mat begleedenden Tutorater an Übungen. Hausaarbechten a Seminarer kennen awer och mol virkommen. Et stinn awer och eng ganz Rei Excursiounen um Programm.

Änlech wéi bei de Waldwissenschaften, ginn et och bei den Umweltnaturwissenschaften relativ vill Excursiounen, mais mat aneren Themeberäicher, wéi zum Beispill Naturschutz. Et huet een och hei d’Méiglechkeet vir niewent dem Studium de Juegdschäin, ee Motoseescours, etc. ze maachen.

Dëse Studiegang eegent sech fir Leit, déi un der Natur an Ëmwelt interesséiert sinn, respektiv sech fir Naturwëssenschaften am allgemengen interesséieren.

Wann de Jacques mam Bachelor fäerdeg ass, hänkt hien nach ee Master drun. Hien huet awer kee kloren Dramberuff a léisst sech vill Méiglechkeeten op. D’Bandbreet vu Beruffer, déi een duerno kann ausüben ass relativ breet. Et kann ee beim Staat oder enger Gemeng schaffen oder an engem bureau d’études. Et kann een awer och am Beräich vum Naturschutz schaffen. Raumplanugsbureauen sinn och eng Méiglechkeet.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.bsc-umwelt.uni-freiburg.de/