Forstwissenschaften mam Catherine

CATHERINE THEISEN
Studéiert Forstwissenschaften am Master
op der Uni Freiburg

D’Catherine huet 24 Joer a studéiert Forstwëssenschaften am Master op der Uni Freiburg. Virdrun huet hat säi Bachelor an der Ëmweltplanung a Landschaftsarchitekur op der Uni zu Hannover gemaach.


Bewerbung: Fir am Master Forstwëssenschaften eran ze komme muss ee Bachelor am Ëmweltberäich gemaach hunn. D’Uni kuckt dann op déi Fächer, déi ee gemaach huet mat deenen aus hirem Bachelor iwwertenee passen, fir sécher ze goen, dass een am Master gutt matkënnt. Niewent de Fächer sinn och Stagen an aner Engagementer vu Virdeel fir eranzekommen. D’Catherine huet eng 1ière G zu Wooltz gemaach an hat ni Problemer mat sengem Studium am Ëmweltberäich.

Studium: Am Forststudium léiert ee wéi de Bësch an d’Kulturlandschaft zesummenhänken. D’Fächer variéiere vun Naturschutz, iwwer Pedologie (Bodenkunde), Hydrologie, Botanik, Geomatik hin zu Verfahrenstechnik, Waldmesslehre a Waldwachstum. De Master Forststudium ass zu Freiburg bësse méi speziell opgebaut. De Studium baut op Modullen, déi ëmmer 3 Wochen daueren. Dat heescht et huet ee quasi eng “normal” Schaffwoch, déi mat engem Fach gefëllt ass. An deenen 3 Wochen ass dann och well d’Prüfungsleeschtung / d’Klausur vun deem Module mat abegraff. Dat huet de Virdeel, dass een sech komplett op ee Fach konzentréiere kann an nik parallel nach un anere Fächer muss denken. Den Nodeel ass awer, dass ee gefillt dauernd Klausuren huet an nik wierklech aus dem Léieren erauskënnt. Dobäi kënnt, dass een sech nik an der Déift mat engem Fach auserneesetze kann, well 3 Woche relativ séier eriwwer sinn. Am Masterstudium Forst ass een an enger klenger Klass vu ca. 30 Leit, wat cool ass well een ënner seng Komolitonen duerch d’Gruppenaarbechten an deene villen Excursiounen um Terrain relativ séier kenne léiert. Niewent de Modullen an de Klausure muss een awer och nach 7 Woche Stage an eng Masterarbecht maache fir kënnen de Master Diplom ze kréien.

Perspektiven: Mam Master an de Forstwëssenschafte kann d’Catherine zu Lëtzebuerg a verschiddene Beräicher schaffen. Am Géigendeel zu engem Fieschter, ass hat herno méi fir dee planereschen Deel vun der Exploitatioun an der Gestioun vum Bësch an engem Team zoustänneg. Hat kann zum enge beim Staat bei d’Administration de la nature et des forêts (ANF) schaffe goen oder de verschiddene Bureaux d’études (Luxplan, Efor-Ersa, Lignafor,…) ënnerdaach kommen. Ansonste gi bei Natur an Ëmwelt oder beim Sicona och ëmmer erëm Leit mat engem Forst-Diplom gesicht. D’Catherine géing säi Studium weider recommandéieren, och wann ee muss stressresistent sinn a leider nik op all Stammdësch goe kann.

Waat d’Catherine gären virum Studium gewosst hätt: Am Studium gëtt een ëmmer an d’kaalt Waasser gehäit, dat ass einfach esou an do kënnt een nik ronderëm. Mee am Nachhinein hätt ech heiansdo gäre gewosst, wéi stresseg dee Modullsystem ass. Oft huet een d’Gefill, dass d’Wëssen nik fundéiert gëtt, ma relativ iwwerflächlech bleift. A mengem Bachelor Studium hunn ech geléiert wéi wichteg et ass fir d’Studienverlaufspläng ze liesen an d’Modulhandbicher ze studéieren iert een sech Bewerbt. Ech wosst dass de Modullsystem stresseg wier an ha mech doropper agelooss well mir Freiburg extrem gefall huet an d’Uni ee gudde Ruff am Forst- Beräich huet. An déi aner Unie wou Forstwëssenschaften ugebuede gi si méi wäit fort.