Erzéiungswëssenschaften mam Millie

MILLIE FAUTSCH
Studéiert Erzéiungswëssenschaften
am Bachelor op der PH.

D’Millie studéiert am 4. Semester Erzéiungswëssenschaften op der Pädagogische Hochschule Freiburg (PH).


Bewerbung: Fir an de Studium op der PH eranzekommen, gëtt et e Numerus Clausus. Am schwéierste fält d’Premièresnote an d’Gewiicht, mee och Stagen, Volontariater an aner Engagementer (SNJ, Nohëllef, Babysitting, etc.) gi consideréiert. Et muss een e Stage vu mindestens 2 Méint am edukative Beräich virweise kënnen. Mat enger 40 misst een normalerweis ugeholl ginn, mat enger héijer 40 ass een op der sécherer Säit. Wann een am LTPES war, dierft een normalerweis keng Problemer hu fir eranzekommen.

Studium: De Studium setzt sech gréisstendeels aus Virliesungen a Seminarer zesummen. D’Seminarer si fräi wielbar, verdéiwen d’Matière a klenge Gruppen a sinn dowéinst extrem interaktiv gestalt.
D’Millie fënnt dat besonnesch flott, well een esou e noe Kontakt zu de Matschüler*innen a Proffen huet. A méi héije Semesteren huet ee virun allem nach Seminarer. Fir déi ze wielen huet een e grousse Choix an eng flott Diversitéit un Themen. Iwwert dat ganzt 4. Semester huet een dann e Stage (Praxissemester), deen een hei an Däitschland oder am Ausland maache kann. Och wann een heiansdo e bëssen an d’kaalt Waasser geheit gëtt (z.B. wéi een eng Hausaarbecht schreift), gefält dem Millie de Studium ganz gutt an hatt mengt net, datt en op enger anerer Héichschoul besser wier.

Perspektiven: Mam Bachelor kritt een den Educateur / Educatrice gradué*e, mat dem ee spéider op der Aarbecht méi Verantwortung dréit, zum Deel méi Bürosaarbecht huet an och méi eng héich Paie kritt. De Studium erméiglecht et engem opgrond vu senger Diversitéit herno an onmoosseg ville, soziale Beräicher ze schaffen. D’Millie wëll nom Studium am léifsten an der Teamleitung am Beräich vun der Traumapedagogik schaffen, z.B. bei SOS Kannerduerf.
D’Millie géing säi Studium op alle Fall weider recommandéieren!

Waat d’Millie gären virum Studium gewosst hätt: Ech hätt gäre gewosst, datt d’PH zimmlech wäit ausserhalb vum Zentrum zu Littenweiler läit, eng 20 Minutte vum Stadkär mam Tram. Et wier och schéi gewiescht ze wëssen, datt ee leider net ëmmer an deene Seminarer rakënnt, déi een och maache wëll. Et gëtt een seng Prioritéiten un an da gëtt d’Plazeverdeelung verloust. Leider krut ech oft net déi Coursen, déi ech wollt. Soss fënnt een u sech alles, wat ee wësse muss, um Site vun der PH.