Chimie mam Fabien

FABIEN KOHNEN
Studéiert Chimie am Bachelor op der Uni Freiburg.

De Fabien mécht e Bachelor a Chimie op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg.


Fir ugeholl ze gi brauch een eng Première oder e gläichwäertegen Diplom. Et gëtt kee numerus clausus an et gëtt och kee Stage gefrot.

Am Studium gi déi verschidde Beräicher vun der Chimie behandelt. Dobäi sinn d’Virliesungen ëmmer moies an d’TPen ëmmer mëttes. Vill Virliesunge gi begleet vun Übungen déi zwar fräiwëlleg sinn, awer de Fabien recommandéiert d’Übunge matzemaachen, wann ee wëll d’Klausur packen. Normalerweis ginn et zwee bis dräi TPen pro Woch. Déi mussen och virbereet ginn, fir dass ee weess wat am Labo ze maachen ass. Nom TP muss een e Protokoll schreiwen. Fir verschidden TPen muss een eng bestëmmte Klausur aus dem Semester virdru packe fir zougelooss ze ginn. Dofir wier et gutt wann ee grad am éischte Semester all Klausur packt. Am Ufank huet een net direkt TPen, mais et ginn zwou Kenntnisprüfunge gemaach, déi ee muss packe fir dass ee fir d’TPen zougelooss gëtt. Am läschte Semester steet d‘Bacheloraarbecht um Programm. Hei ënnerstëtzt een en Doktorand bei senger Dokteraarbecht. D‘Bacheloraarbecht soll dann ee Protokoll vun der Labosaarbecht sinn, déi ee gemaach huet.

Grad am Ufank gëtt vill vun engem verlaangt an et muss ee vill Zäit a säi Studium investéieren. Et muss een oppassen dass een net direkt ofgehaange gëtt. Am Géigenzuch gëtt een awer gutt betreit an ënnerstëtzt vun de verschiddenen Uspriechpartner.

De Studium soll virun allem Leit uspriechen, déi interesséiert u Chimie an de verschiddene Fachberäicher sinn. D’Mathe an d’Physique sollte kee Problem si wann een op Première keng Problemer domat hat.

Nom Studium huet ee vill verschidde Méiglechkeete fir schaffen ze goen. An der Industrie gi vill Leit gesicht, grad wann et drëms geet fir nei Verfaren ze entwéckelen oder bei der Produktioun vu Produite wéi zu Beispill an der Batterien- oder der Solartechnologie. Natierlech ass d’Recherche och ëmmer eng Optioun.

Freiburg eegent sech extra gutt fir Chimie ze studéieren. Hei befënnt sech ee Fraunhofer- Institut a verschidde Firmen a Beräich hunn hire Sëtz hei. Sou huet ee ganz vill Méiglechkeete fir e Stage ze maachen oder e Minijob ze fannen. Et gëtt och all Joers en Jobdag ofgehalen, wou virun allem Vertrieder aus Däitschland an der Schwäiz present sinn.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.cup.uni-freiburg.de/de/chemie/studium_chemie