Géographie mam Maurice

MAURICE THOMÉ
Studéiert Géographie am Master op der Uni Freiburg.

De Maurice ass 24 Joer al a studéiert Geographie am 9. Semester op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg.


Et gëtt eng Première oder e gläichwäertegen Diplom gefrot, souwéi en numerus clausus dee meeschtens tëscht 2.3 an 3.0 läit. Wann ee sollt op d’Waardelëscht kommen, dierft dat och kee Problem sinn, well an den allermeeschte Fäll gëtt een dann trotzdeem ugeholl.

De Studium behandelt déi zwee grouss Beräicher vun der Geographie: engersäits human Geographie, wou ee Fächer wéi Demographie, Städtebau oder Tourismus huet, an anerersäits d’physesch Geographie, wou een Theme wéi Geomorphologie, Meteorologie oder Hydrologie behandelt.

Den Opbau vum Studium ass relativ villfälteg opgebaut mat Virliesungen, Tutorater, Seminarer, Hausaarbechten an Excursiounen, déi meeschtens ganz flott sinn. Et huet een am Prinzip keng Pflichtveranstaltungen ausser de Seminarer. Ab dem zweete Semester huet ee Wahlpflichtfächer, bei deenen ee grousse Choix huet. Sou kann een sech scho fréi raussichen, a wat fir engem Beräich een sech well spezialiséieren. Am véierte Semester steet normalerweis eng grouss Excursioun an d’Ausland um Programm. Verschidden Destinatioune vun dëser Excursioun kennen zum Beispill d’Alpen oder Skandinavien sinn.

Dat wat een am Studium gesäit ass net onbedéngt vergläichbar mat deem wat een am Lycée gesinn huet, dat géing een hei éischter Landschaftskunde nennen. De Studium ass zudeem zimmlech breet gefächert, sou dass een d’Méiglechkeet huet en Abléck a vill verschidden Domänen ze kréien.

De Maurice géing dëse Studiegang Leit empfeelen, déi Interessi hunn un der Natur an Ëmwelt, oder de Beräicher vun der humaner Geographie. Et soll een awer e gutt Allgemengwësse matbréngen an et muss een sech drop astellen, dass vill nei Saachen op een duerkommen. Och d’Aarbecht mam Computer kann een iwwerraschen (notamment Statistik- a Geomatikprogrammer).

Nom Studium huet een e ganz grousse Choix u Beruffer, déi ee kann ausüben, mee meeschtens ass ee Master gefrot. De Staat an d’Gemenge sichen ëmmer rëm Geographen, et kann een an ee Bureau d’études schaffe goen oder och bei Ponts & Chaussées. Ganz spezifesch kann een och d’Aarbecht bei der däitscher Police nennen, déi Geographe brauch fir hir Kaarten ze aktualiséieren oder Parteien, déi wësse wëlle wou hir Wielerschaft wunnt.