Biologie mam Kim

KIM FRAUENBERG
Studéiert Biologie am Bachelor op der Uni Freiburg.

D’ Kim ass 21 Joer al a studéiert Biologie am 3. Semester op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg.


De Studium sëtzt eng Première viraus souwéi en numerus clausus, deen normalerweis ëm 2.3 ass. Eng Première C ass vu Virdeel, awer net onbedéngt néideg fir ugeholl ze gi.

An den éischte véier Semester huet ee Grondlagenfächer, déi aus Virliesung an den entspriechenden Übunge bestinn. D‘ Fächer decken am Fong all Beräich vun der Bio of, sou dass een eng gutt Basis fir déi spéider Semester huet. Dozou kommen am Ufank vum Studium dann och nach relativ vill Mathe, Chimie a Physik, wat als Grondlag dénge soll. An der Reegel gëtt et zu all Fach Virliesungen an Tutorater.

Nom véierte Semester huet een da Vertiefungsfächer, déi een sech ka selwer raussichen. Hei decidéiert een sech, a wat vir engem Gebitt een sech spezialiséiere wëll. Elo kommen och Excursiounen a Geländeübungen op de Stonneplang.

Ganz oft huet een an de Semesterferien nach Praktika oder Labosaarbecht wärend zwou oder dräi Wochen, soudass een dann leider net fräi huet. Well een sou vill verschidde Beräicher ofdeckt kann et mol sinn, dass engem dat engt Fach net sou gutt gefält an dat anert dofir ëmsou besser.

Dee Studium eegent sech besonnesch fir Leit, déi sech fir Biologie an déi verschidden Ënnerdomänen interesséieren. Et wier ausserdeem net schlecht, wann ee gutt a Mathe, Chimie a Physik ass.

Nom Studium kann ee virun allem am Beräich vun Natur an Ëmwelt schaffe goen, een et kann een awer och an d‘ Fuerschung goen oder an engem Labo schaffen.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.bio.uni-freiburg.de/studium