Geschicht mam Max

MAX TERNES
Studéiert am Bachelor Neuere
und Neueste Geschichte am
Haaptfach a Politikwissenschaft am
Niewefach op der Uni Freiburg.

De Max Ternes huet 23 Joer a studéiert am Bachelor Neuere und Neueste Geschichte(NNG) am Haaptfach a Politikwissenschaft (PoWi) am Niewefach. Zulassungsvoraussetzungen: D‘Haaptfach NNG ass zulassungsfrei an et huet ee kee Problem eran ze kommen. Eng letztebuergesch Premiere oder änleche SecondairesOfschloss geet duer (Latäin ass bei NNG net néideg ). D‘Niewefach PoWi ass zulassungsbeschränkt: Den NC vu variéiert Joer zu Joer, mä en ass awer ëmmer relativ héich(tëscht 1,5 an 1,7). Fir PoWi am Niewefach ze studéieren ass eng gutt Première also net vu Muttwell, et ginn awer och nach vill aner méiglech Fächerkombinatiounen!

Am Ufank vum Studium huet een eng rei Virliesungen déi engem e gudden Iwwerbléck iwwer d‘Weltgeschicht ginn. Wat ee méi wäit am Studium kennt wat een ëmmer méi Seminarer an Übungen huet, wou ee méi spezifesch Themen a méi klenge Gruppe behandelt. De Max huet dobäi ëmmer appreciéiert, dass de Choix u Kueren zu verschiddene Sujeten enorm grouss ass, an een doduerch ëmmer eppes fënnt wat engem gefält! En obligatoresche Stage gëtt et net, et ass awer méiglech een ze maachen an deen och ugerechent ze kréien. als Ofschloss vum Bachelor schreift een eng Bacheloraarbecht.

Waat mécht de Max dann no sengem Studium? Dat ass eng excellent Fro! Ech wäert mol e Master drun uschléissen, weie sinn ech mer nach net ganz sécher, Choix huet een onendlech vill! Wei och mam Master huet een och dono bei dem Choix vum Beruff eng enorm Auswiel! Vu Journalist, iwwer Geschichtsproff bis zum UNO-Generalsekretär ass amfong alles méiglech!