
VANESSA PETER
Studéiert Deutsche Literatur am 4. Semester am Master an huet “Bachelor en Cultures Européennes – Germanistik” am Bachelor op der Universitéit zu Letzebuerg studéiert
D’Vanessa huet “Bachelor en Cultures Européennes – Germanistik” am Bachelor op der Uni Lu studéiert. Virun allem d’Literatur ass e Grond firwat hatt sech zu dësem Studium entscheet huet.
Zu Freiburg ass de Bachelor Studiegang “Germanistik: Deutsche Literatur” zulassungsfrei, wat bedeit, dat een keng gewëssen Nott oder ee Stage brauch. D’ Haaptfach deelt sech hei an dräi Beräicher op: Linguistik, Mediävistik an Neuere Deutsche Literatur. Déi lescht zwee Semester spezialiséiert een sech dann op ee vun deenen dräi Beräicher. Den typesche Studium besteet haaptsächlech aus Seminarer mat puer Virliesungen. Am meeschte muss een awer Seminarer besichen, wou een ee bestëmmt Thema duerchhëlt. D’ Virliesunge gi meeschtens een Iwwerbléck, kennen awer och spezifesch sinn. Deemno wéi muss/kann een och Tutorater besichen, déi vu StudentInnen gefouert ginn an déi eng Hëllefsstellung zu de Seminarer respektiv Virliesunge ginn. Übungen a Praktika muss een net maachen.
Vir e Studium an der Germanistik ass et wichteg dass ee gäeren liest, an och datt ee gäre schreift vue dat ee bal ëmmer eng Hausaarbecht oder Essays fir d Seminarer schreiwe muss. Mëttlerweil studéiert d’Vanessa “Deutsche Literatur” am Master. Do ginn et méi Masterstudiengäng, d’Vanessa huet sech besonnesch opgrond vun der Villfältegkeet vum Studium vir dëse spezifesche Master entscheet. Och dat een Wierker vum 8. Joerhonnert bis a Géigewaart liest an analyséiert hunn hatt iwwerzeegt. Fir an de Master eranzekommen muss een näischt Extraes erfëllen ausser eben, dat een e Bachelor an der Germanistik oder an engem änleche Fach braucht.
Mam Studium kann een duerno Proff ginn, mä et ginn och nach aner Méiglechkeete wei zum Beispill bei eng Zeitung ze goen oder bei ee Verlag.
Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.germanistik.uni-freiburg.de/studium/studiengang/master/MNdLKM
Wanns du Froen zu engem ähnlechen Studiegang hues, dann schreiw eis op Instagram, ennert dem Username slufelch.