Geschicht mam Shaï

SHAÏ KASS
Studéiert am Bachelor Geschicht am Haaptfach an Archäologie am Niewefach op der Uni Freiburg.

De Shaï huet 22 Joer a studéiert am Bachelor Geschicht am Haaptfach an Archäologie am Niewefach. Zulassungsvoraussetzungen: D‘Haaptfach ass zulassungsfrei an et huet ee kee Problem eran ze kommen, mee et brauch een Latain, entweder aus dem Lycée oder et kann een daat och op der Uni nach beleen. Eng letzebuergesch Premiere oder änleche Secondaires Ofschloss geet duer. D‘Niewefach Archäologie ass och net zulassungsbeschränkt. Et ginn awer och nach vill aner méiglech Fächerkombinatiounen.

Am Ufank vum Studium huet een eng rei Virliesungen déi engem e gudden Iwwerbléck iwwer d‘Weltgeschicht ginn. Wat ee méi wäit am Studium kennt wat een ëmmer méi Seminarer an Übungen huet, wou ee méi spezifesch Themen a méi klenge Gruppe behandelt. De Shaï huet dobäi ëmmer appreciéiert, dass de Choix u Kueren zu verschiddene Sujeten enorm grouss ass, an een doduerch ëmmer eppes fënnt wat engem gefält! En obligatoresche Stage gëtt et net, et ass awer méiglech een ze maachen an deen och ugerechent ze kréien. als Ofschloss vum Bachelor schreift een eng Bacheloraarbecht.

Waat mécht de Shaï dann no sengem Studium? Dat ass eng excellent Fro! Ech wäert mol e Master drun uschléissen, weie sinn ech mer nach net ganz sécher, Choix huet een onendlech vill! Wei och mam Master huet een och dono bei dem Choix vum Beruff eng enorm Auswiel! Vu Journalist, iwwer Geschichtsproff bis zum UNO-Generalsekretär ass amfong alles méiglech!