Zahnmedizin mam Lily

LILY DARNÉ
Studéiert Zahnmedizin op der Uni Freiburg

D’Lily Darné ass 23 Joer al a studéiert Zahnmedizin op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg. Hat fënnt den Beruff besonnesch spannend, well dësen déi praktesch Feinaarbecht mat medezineschem Wëssen verbënnt.


Umeldung: D’Umeldung fir de Studium vun der Zahnmedizin an Däitschland leeft iwwert Hochschulstart, zesumme mam Medizinstudium. Et ass natierlech en Viirdeel, wann een eng 1,0 (ongeféier 50 Punkten an der Première) kritt, mee dat ass net onbedéngt néideg. Et ginn och aner Weeër fir sech ze qualifizéieren, wéi zum Beispill iwwer de Medizinertest (TMS) oder duerch praktesch Erfahrung mat enger Léier am Gesondheetsberäich.

Studium: De Studium vun der Zahnmedizin an Däitschland ass an dräi Deeler agedeelt. No all Deel gëtt e Staatsexamen ofgeluecht (Z1, Z2, Z3).

  • Den éischten Deel (2 Joer): Hei geet et haaptsächlech ëm d’naturwëssenschaftlech Fächer. Dobäi kommen och praktesch Übunge mat Modeller an der Zahnklinik, déi en éischten Abléck an de spéidere Beruff bidden. Ausserdeem muss een 1 Mount en “Pflegepraktikum” maachen an en Éischt-Hëllef-Cours ofgeschloss hunn, fir fir den éischte Staatsexamen zougelooss ze ginn. D’Prüfungen am Z1 ginn mëndlech ofgehalen.
  • Den zweeten Deel (1 Joer): Hei läit de Fokus op praktescher Aarbecht un Modeller an der Zännklinik. D’Lily hätt sech gewënscht, hat hätt virdru schon e Stage bei engem Zänntechniker gemaach, well dat eng ganz gutt Virbereedung gewiescht wier. Duerno gëtt den zweeten Staatsexamen ofgeluecht, dee mëndlech a praktesch op Modeller ofgehale gëtt.
  • Den drëtten Deel (2 Joer): Elo gëtt et wierklech interessant. Hei fänkt een un, Patienten iwwer véier Semester ze behandelen. Et ginn zwar nach ëmmer Virliesungen, mee de gréissten Deel vun der Zäit verbréngt een an der Klinik. Hei léiert een déi spannend, mee och déi stresseg Säite vum Zänndokter-Beruff kennen. Zum Schluss kënnt deen drëtten Staatsexamen, deen mëndlech, praktesch um Patient an och schrëftlech ofgehale gëtt. Ausserdeem muss een nach 1 Mount eng Famulatur bei engem Zänndokter maachen.

Perspektiven: Nom Studium kann een en Doktertitel maachen (deelweis och schonn während dem Studium) oder eng Spezialisatioun ugoen. Et gi vill Méiglechkeeten: Et kann een als Zänndokter schaffen, an d’Fuerschung goen oder och op enger Uni an der Léier schaffen. Déi meescht Student*innen entscheede sech awer fir d’Praxis – wat och bis elo dem Lily säin Plang ass.

Wat d’Lily gären virum Studium gewosst hätt: Als Rotschléi seet d’Lily, dass et hëllefräich wier ze wëssen, dass den Ufank vum Studium relativ léierintensiv ass. Awer wann een déi theoretesch Basis eemol verstanen huet, kënnt een endlech bei d’Patientebehandlung, wat hatt als besonnesch spannend erlieft. Ausserdeem spille sougenannten “Altfragen” an d’Rotschléi vu Student*innen aus méi héije Semesteren eng ganz wichteg Roll bei de Klausuren.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.med.uni-freiburg.de/de/studium/zahnmedizin

Fir méi Informatiounen zum Studium kanns du eis op Instagram schreiwen. Eisen username ass: slufelch