Humanmedizin mam Mina

MINA MERSCH
Studéiert Humanmedizin op der Uni Freiburg

D‘Mina Mersch studéiert Humanmedizin op Staatsexamen an huet eis bëssen iwwert säi Studium gezielt.


Bewerbung: De Studium verlaangt een Numerus clausus tëschent 1,0 an 1,1 respektiv ee gudde TMS (Test für medizinische Studiengänge). Fir de Medezinstudium muss een sech iwwert Hochschulstart umellen (daat ass ee Verfare fir ganz Däitschland). 

Studium: De Studium ass an 3 Deeler ënnerdeelt: Vorklinik (4 Semester), Klinik (6 Semester) a Praktescht Joer (2 Semester). An der Vorklinik mécht ee Basis Theorië mat puer Praktikaen. An der Klinik gesäit een dann déi eenzel Fachrichtungen, bei deenen een dann och vill mat op d’Statioune geet. Am Praktesche Joer huet een 1 Joer laang Stagen. D‘ Virliesungen si begleedend zu de Praktika an deelweis huet een och mol nach Seminarer. De Studium ass op Däitsch an et ginn nëmmen Exame geschriwwen a keng Hausaarbechten. D‘Exame sinn normalerweis éischter um Enn vum Semester. Ausser am 3. Semester, do huet een all 3 Wochen Examen.


De Studium vun der Humanmedezin ass jidderengem ze recommandéieren, deen u Medezin interesséiert ass a gäre mat Leit schafft. Et muss een sech awer bewosst sinn, dass ee vill Zäit an de Studium investéiere muss. Mee wou ee Wellen ass, ass och ee Wee.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.medizinstudium.uni-freiburg.de/test an alem.lu