
HILARY COSTA
Studéiert Sozial Aarbecht am Bachelor op der KH.
D’Hilary studéiert am 8. Semester Sozial Aarbecht op der Katholischer Hochschule Freiburg (KH).

SOPHIE FEY
Studéiert Sozial Aarbecht am Bachelor op der EH.
D’Sophie ass am 2. Semester op der Evangelische Hochschule Freiburg (EH).
De Studium ass op béide Plazen ausgeluecht, fir a 7 Semesteren ze maachen. Am grousse ganze sinn eis Interviewten sech eens, datt et kee groussen Ënnerscheed tëschent béiden Héichschoule gëtt, an datt béid hier Plus- a Minuspunkten hunn.
Bewerbung: Mat enger Lëtzebuerger Première sollt et net all ze schwéier si fir an de Studium op béiden Héichschoulen eranzekommen. Allen zwee hunn e Punktesystem, an dem verschidde Saache consideréiert ginn. E klasseschen Numerus Clausus gëtt et net. Besonnesch virdeelhaft ass et awer, wann s du Erfarungen am Beräich opweise kanns (Stage, Volontariat, SNJ, etc.). Op der EH muss de Stage / Volontariat op mannst 6 Méint laang gewiescht sinn, fir datt en zielt.
Studium: De Studium setzt sech op béide Plaze gréisstendeels aus Virliesungen a Seminarer zesummen. D’Seminarer si fräi wielbar a verdéiwen d’Matière a klenge Gruppen, sou datt een a méi héije Semestere virun allem nach därer huet. D’Coursen decke vill verschidde Beräicher of: Psycho, Pedagogie, Fuerschung, Droit, Praxis etc. D’EH huet eng Präsenzflicht an de Coursen, d’KH dogéint awer net. Op béiden Héichschoule muss een e Praxissemester (Stage) maachen, egal op hei an Däitschland oder am Ausland. Op der EH ass dat iwwert dat ganzt 3. Semester, op der KH iwwert dat 4.
Perspektiven: De Studium bitt engem divers Méiglechkeeten, sou datt engem spéiderhi vill verschidden Aarbechtsfelder opstinn. Mam Bachelor kann een dono entweder als Assistante sociale oder als Educateur / Educatrice gradué*e schaffen. D’Hilary ass interesséiert fir nom Studium am Sepas vun engem Lycée ze schaffen. D’Sophie wëll dono gäeren mat Kanner an Jugendlechen schaffen. Hatt ass sech nach net ganz sécher a wéi engem Beräich.
Souwuel d’Hilary wéi och d’Sophie géingen hire Studium op alle Fall weider recommandéieren!
Waat d’Hilary gären virum Studium gewosst hätt: Ech hätt gäre méi Informatiounen zum Oflaf vum Studium gehat. Wat genau gëtt vun engem erwaart? Wéi leeft dat ganzt mam Stage of? Den Informatiounsfloss ass op der KH leider heiansdo e bësse verbesserungswierdeg, sou datt een zum Deel selwer den Effort muss maachen, fir all d’Infoen ze kréien.
Waat d’Sophie gären virum Studium gewosst hätt: Ech hätt gäre gewosst wéi d’Auswiel vun de Seminarer ofleeft. Vu datt d’Héichschoul all Semester just eng begrenzten Unzuel u Seminarer ubitt, gëtt ausgeloust, wien herno wou Deel hëlt. Et kann een zwar seng Prioritéiten a Virléiften uginn, mee heiansdo kënnt et scho vir, datt een net bei sengem 1. Choix erakënnt – virun allem wann d’Seminar ganz beléift ass.
PS: Wanns du schon en éducateursdiplom zu Letzebuerg gemaach hues dann kanns du dir och e puer Moduler dovun unrechnen loossen.
Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.eh-freiburg.de/bachelor-soziale-arbeit/ & https://www.kh-freiburg.de/de/studium/studiengaenge/bachelor-soziale-arbeit
Du kanns eis och op Instagram ennert dem username slufelch kontaktéieren