Psychologie mam Jonna

JONNA KRIER
Studéiert Psychologie am Master op der Albert-Ludwigs Uni


Bewerbung: Fir zu Freiburg kënne de Bachelor of Science an der Psychologie ze maachen, geet e Premières Diplom duer. Fir de Studiegang gëtt et en Numerus Clausus. Fir insgesamt an Däitschland kënne Psychologie ze studéiere, brauch een en zimmlech héijen Numerus Clausus. Ob der Uni zu Freiburg leit den NC ongeféier bei 1.2, wat an eisem Lëtzebuergesche System eng Note tëschent 48 a 50 ass. Och wann een den NC net direkt huet kann ee mat engem Noreckverfahren nach eng Platz ob der Uni kréien.

Studium: Am Studium ginn dräi grouss Beräicher a Form vu Virliesungen oder Seminarer behandelt: 

  1. Grundlagenfächer
  2. Methodenfächer
  3. Anwendungsfächer

D’Fächer ginn all ob Däitsch gehalen an niewent de Virliesungen a Seminarer muss een och e Stage vun 240 Stonnen an engem psychologeschen Domaine maachen. De Studium enthält vill Statistik, wat e vlt ob den éischte Bléck ofschrecke kéint. Mee et ass ob alle Fall machbar, well ech si selwer ëmmer schlecht an der Mathé gewiescht, mee ech hunn de Bachelor awer gepackt. Wat och nach speziell um Bachelor an der Psychologie ass, ass dass een am Laf vu sengem Bachelor „Versuchsteilnehmerstunden“ sammele muss. Dat si Stonnen déi een domat verbréngt u Studie vun der Uni oder anere Studenten deel ze huelen. Doduerch gesäit ee selwer wei et ass dono selwer Studien duerchzefeieren a wei e Participant sech fillt wann en un enger Studien deel hëlt. Gläichzäiteg ass et och gutt fir dass ee wann ee selwer fir seng Bacheloraarbecht leit braucht, ee mei schnell Leit fënnt. 

Perspektiven: No engem Bachelorofschloss an der Psychologie, kann ee leider nach net vill ufänken. Fir sech kënne Psycholog*in ze nenne muss een nach e Master maachen. Fir de Master gëtt et a ganz Däitschland och erëm e bestëmmten NC. 

Ech maachen am Moment mäi Master of Science in Psychology ob der Albert-Ludwigs-Universität zu Freiburg. Niewent mengem Master gëtt et och nach den néie Master of Science Psychologie: Klinische Psychologie und Psychotherapie. De Master ass nei, well an Däitschland en neit Therapeutengesetzt agefouert gouf. Duerch dat Gesetz brauch een elo den neie Master, fir kënnen an Däitschland als Therapeut*in ze schaffen. De Master den ech maachen, ass en allgemenge Master de sech mat 6 Haapttheme beschäftegt:

  1. Kognitive Neuropsychologie
  2. Lernen und Lernen fördern
  3. Kognition und Handlung
  4. Wirtschaftspsychologie
  5. Höhere kognitive Prozesse
  6. Nachhaltigkeit und Kommunikation

Niewent deene Fächer ginn et och diagnostesch a forschungsorientéiert Fächer. De Master ass e bësse mei wëssenschaftlech ugehaucht, ewéi de klinesche Master a besteet greisten Deels aus Virliesungen a Seminarer, déi entweder ob Englesch oder Däitsch gehale ginn. Wei och beim Bachelor muss een am Master och e Stage vun 300 Stonnen an engem psychologeschen Domaine maachen.

De Klinesche Master ass ënnerdeelt an dräi Beräicher: 

  1. Methodenfächer
  2. Störungs- und Verfahrenslehre der Psychotherapie
  3. Berufsqualifizierende Tätigkeit

Den heite Master riicht sech wie gesot un déi Leit, déi sech fir de Beruff vum Psychotherapeut interesséiere. 

Fazit: Insgesamt ass e Psychologie Studium interessant, fir déi Leit, déi sech fir dat mënschlech Verhalen interesséieren oder och spéiderhin an engem sozialen Domaine schaffe wëll. Et muss een awer am Viraus wëssen dass et e komplexer Studiegang ass an ee vill Zäit an Energie era stieche muss. Mee et ass awer och e ganz flotte Studiegang wou ee vill iwwert de Mënsch bäiléiere kann.


Fir méi Informatiounen zum Studium kanns du eis op Instagram uschreiwen. Do ass eisen username: slufelch