Lehramt Primarstufe mam Conny

CONNY SIMON
Studéiert Lehramt Primarstufe am Bachelor op der PH.

D’Conny studéiert am 6. Semester Lehramt Primarstufe op der Pädagogischen Hochschule Freiburg (PH).


De Studium kann ee souwuel am Wanter- wéi och am Summersemester ufänken an dauert an der Reegel 6 Semester.

Am Zentrum vum Studieprogramm stinn déi zwee Fächer Däitsch a Mathé, woubäi ee vun deenen zwee Fächer verdéift ka ginn. Donieft kann een e weidert Fach aus engem spezialiséierte Beräich, wéi z.B. Naturwëssenschaften, Sozialwëssenschaften, Musek, Konscht a Sport, awer virun allem och Franséisch oder Englesch als Friemsprooch wiele. Eng wichteg Grondlag fir de ganze Studium bitt de Beräich Bildungswëssenschaften: hei léiert een ënner anerem wéi Kanner léieren, wéi ee Klassen organiséiert an ënnerstëtzt, a wéi ee pädagogesch professionell handelt. Dëst schaaft eng essenziell Basis fir de spéidere Beruff an d’Praxisphasen.

Eng wichteg Roll am Studium spillen och dës praktesch Phasen an de Schoulen. Tëschent dem 1. an 2. Semester mécht een en Orientéierungspraktikum vun 3 Wochen, dëst kann een och zu Lëtzebuerg maachen. Am 5. Semester kënnt d’integréiert Semesterpraktikum, dat 16 Wochen dauert a mat begleedende Coursen un der Héichschoul verbonnen ass.

Ofgeschloss gëtt d’Studium mat enger Bacheloraarbecht am 6. Semester.

Wichteg: Fir zu Lëtzebuerg kënnen als Enseignant*e ze schaffen, ass nom Bachelor de Masterstudium obligatoresch. 


Fir méi Informatiounen zum Studium kanns du eis op Instagram schreiwen. Eisen username ass: slufelch

Du fënns och Informatiounen um Internetsite vun der PH:

https://www.ph-freiburg.de/studium/bachelorstudiengaenge/lehramt-primarstufe.html