Bëschwëssenschaften mam Jang

JEAN-MICHEL BECK
Studéiert Waldwissenschaften am Bachelor
op der Uni Freiburg.

De Jang huet dëse Wanter säi B.Sc an Waldwissenschaften zu Freiburg ugefong.


Fir ranzekommen brauch een eng Première oder gläichwärtegen Ofschloss an et gëtt een numerus clausus, deen tëscht 2.3 an 3.0 leie kann.

De Studium dréint sech, wéi den Numm et scho seet, haaptsächlech ëmt de Bësch an wat domat verbonn ass. Trotzdem gesäit ee vill méi wéi just de Bësch an d’Beem. An den éischte Semesteren gin d’Grondlagen geluecht, déi wichteg sinn vir ee gewëssent Basiswëssen an dat spéiedert Studium. Et gi virun Allem Virlesungen ugebueden, mais et huet een awer och vun Ufank un vill Exkursiounen um Terrain, déi ganz interessant sin a bei deenen ee vill praktëscht Wësse vermëttelt kritt.

De Studiegang gëtt mat engem integréierte Niewefach ugebueden, wou engem 5 Auswielméigélegkeeten ugebuede gin.

Ab dem 5. Semester hot een dann Wahlpflichtfächer, mat deenen ee sech kann weider spézialiséieren, an am 6. Semester ass ee Berufspraktikum virgesinn, deen 8 Wochen dauert.

Wat um Jang séngem Studium aussergewéinlech ass, dat sinn déi vill Exkursiounen. Hei geet een oft an de Bësch fir zum Beispill Maschine beim Asatz ze gesin, Plantatioune kucken ze goen, oder ze léiere wéi verschidde Mossgeräter funktionnéieren. Ausserdem befasst sech de Studiegang vill mat aktuellen Themen wéi der Drechent oder dem Borkenkäfer. Ausserdem bidd d’Universitéit d’Méiglegkeet fir de Juegtschäin, een Holzerntekurs, etc. ze maachen. Déi Saachen sinn zwar net Bestanddeel vum Studium, mais si gin awwer op ville Plazen unerkannt a si wesentlech méi bëlleg, wéi wann een se géif privat maachen.

De Jang seet, dass dee Studium ideal ass fir Leit, déi sech fir De Bësch an d’Ëmwelt interesséieren a gear dobausse sin. De Studium bereet dorop vir, fir duerno am oder mam Bësch ze schaffen.

Nom Bachelor wëll de Jang gear ee Master maachen an dann am Beräich vum Waldschutz schaffen, fir sech mat der zukénfteger Entwéckelung vum Bësch ze beschäftegen.

Et gin awer och nach vill aner Méiglegkeeten, wéi zum Beispill an enger Verwaltung ze schaffen, Fierschter ginn, am Naturschutz schaffen, an d’Holzindustrie ze goen, oder Forstmanagement ze maachen.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.bsc-wald.uni-freiburg.de/