Humanmedizin mam Anne

ANNE EYSCHEN
Studéiert Humanmedizin op der Uni Freiburg

D‘ Anne Eyschen studéiert Humanmedizin op Staatsexamen an huet eis bëssen iwwert säi Studium gezielt.


Bewerbung: De Studium verlaangt Numerus clausus tëschent 1,0 an 1,1 verlaangt. Fir de Medezinstudium muss een sech iwwert Hochschulstart umellen (ee Verfare fir ganz Däitschland).

Studium: De Studium besteet och just aus engem Haaptfach an all Semester muss een och Praktika maachen. D‘ Virliesungen si begleedend zu de Praktika an deelweis huet een och mol nach Seminarer. D‘ Sprooch vum Studium ass Däitsch an et ginn nëmmen Exame geschriwwen a guer keng Hausaarbechten. D‘ Exame sinn normalerweis éischter um Enn vum Semester. Ausser am 3. Semester, do huet een all 3 Wochen Examen.

De Studium vun der Humanmedezin ass un jidderengem ze recommandéieren, deen un Medezin interesséiert ass a gäre mat Leit schafft. Et muss een sech awer bewosst sinn, dass ee vill Zäit an de Studium investéiere muss. Wann d‘ Anne säi Studium ofgeschloss huet, géing hatt am léifsten als Kannerdoktesch schaffen.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.medizinstudium.uni-freiburg.de/test