Wirtschaftswëssenschaften mam Niels

NIELS JANSEN
Studéiert Volkswirtschaft an Betriebswirtschaftslehre am
Bachelor op der Uni Freiburg.

Den Niels ass 22 Joer al a studéiert Volkswirtschaftslehre am 4. Semester op der Albert-Ludwigs-Universität zu Freiburg


Bewerbung: De Studiegang vun der BWL a VWL ass zulassungsbeschränkt. Du muss just beweise kennen, dass däin Däitsch-Niveau op d‘mannst eng B2 ass a mat enger Premieren hues de automatesch ee C1.

Studium: Virun allem déi éischt puer Semester hues de vill Theorie, bis een dann seng eege Kuere wiele kann. Et huet een am 1. Semester säin 1. an eenzege renge Mathécours, allerdéngs ass a bal all aner Fach Mathe-Kuere involvéiert, et ass net onbedéngt extrem schwéier mee eng gewësse Basis sollt een awer hunn. Am VWL-Bachelor hues de BWL- Elementer am BWL-Bachelor hues de manner vun der VWL.

Perspektiven: Du hues no engem BWL oder VWL-Bachelor extrem vill Méiglechkeeten an der Finanzwelt a wann s de nach ee Master hannendru mëss gëtt et just méi spezialiséiert. Generell gees de mat der BWL éischter méi betribsintern schaffen a mat der VWL a Betriber oder Organisatiounen déi sech em d Finanz-politesch Verhältnisser an der Welt oder Regioune schaffe gees. Déi zwee Studiegäng schléissen sech awer géigesäiteg net strikt aus an der Job-Welt.

Waat den Niels gären virum Studium gewosst hätt: Ech wosst schonn, dass et ee majoritär theoretesch Studiegang ass, mee ech hat gehofft, dass méi Fallstudie behandelt gi wieren a méi Projeten. Ech ka mer allerdéngs gutt virstellen, dass dat un de Covid-19 bedéngten Online-Kuere ka leien.