Sportwëssenschaften mam Nick

NICK KETTEL
Studéiert Sportwissenschaften am Bachelor
op der Uni Freiburg.

Den Nick ass 19 Joer al a studéiert Sportswissenschaften op der Albert-Ludwigs-Universität am 2. Semester zu Freiburg.


Bewerbung: Baséierend op der Nummer vu Leit déi sech melle, , ginn d‘Critèrë méi labber oder verschäerft. Soss gëtt et nach ee Sporteignungstest als Aufnahmeprüfung. Deen kann een och zu Köln maachen an da fir 30 Euro iwwerschreiwe loossen. Wei schwéier déi ass ass awer schwéier ze soen, well se wéinst Covid-19 verluecht goufen an de Nick och sou konnt ufänke mat studéieren.

Perspektiven: De Fokus vum Studium ass esou, dass een am beschte Sportler hëlleft sech richteg ze trainéieren oder no Verletzungen sech ze erhuelen. Sou Aarbechte sinn a Rehaklinike wéi um Kierchbierg oder beim SC Freiburg oder alternativ beim Staat fir un Sensibilisatiounscampagnen ze schaffen. Den Nick well awer a kann domat och nom Master Sportsproff ginn.

Waat den Nick gären virum Studium gewosst hätt: Eigentlech ass dat meescht esou wéi ech mer et virgestallt hunn. Wat awer gutt ze wëssen ass, ass dat et vill wëssenschaftlëch Aarbechte gëtt an dat zimmlech drësche ka sinn. An dass d‘Sportaarten déi s de an der Praxis spills net extrem divers si mee dat stellt awer kee Probleem fir mäin Berufschoix duer.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.sport.uni-freiburg.de/de