Zahnmedizin mam Tom

TOM KLEIN
Studéiert Zahnmedizin op der Uni Freiburg

Den Tom Klein huet 23 Joer a studéiert Zahnmedizin op der Albert-Ludwigs-Universitéit. Fir hien ass den Zänndokterberuff en interessante Beruff, an deem ee vill mat Mënschen ze dinn huet, deenen een hëllefe kann.


Bewerbung: Wéi den Tom ugefaangen huet mat studéiere gouf et en Numerus Clausus, et huet een eng 47 gebraucht, mä mee dat kann awer all Joer liicht variéieren. Ausserdeem muss ee mëttlerweil anscheinend och en Stage an der Klinik virum Studium maachen.

Studium: De Studium selwer besteet aus zwee Deeler. Als éischt kennt d‘Vorklinik, déi éischter theoretesch ass, mam Physikum als Ofschloss, an als zweet d‘Klinik, déi éischter praktesch ass, mam Staatsexamen als Ofschloss.

Perspektiven: Nom Studium kann een en Doktertitel an eng Rei Spezialisatioune maachen, zielt eis den Tom. Et ginn eng Réi Optioune mam Studium: Duerno kann een dann entweder als Zänndokter schaffen, an d‘Fuerschung goen oder op enger Uni an der Leier schaffen. Déi meescht Leit schaffen awer dono als Zänndokter wat hien och selwer wëlles huet.

Waat den Tom gären virum Studium gewosst hätt: Als Tipp seet den Tom, dat et gutt ze wësse wier, dass den Studium am Ufank relativ léierintensiv ass, mä mat der Zäit wann een d‘Basis an der Theorie bis huet, kann an d’Patientenbehandlunge kommen, wat dem Tom no richteg spannend gëtt. Ausserdeem spillen déi sou genannte „Altfragen“ an d‘Tipps vu Student*innen aus méi héije Semestere bei de Klausuren eng ganz grouss Roll.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.med.uni-freiburg.de/de/studium/zahnmedizin