Medienkulturwëssenschaften mam Eve

EVE BERNARDO
Studéiert am 2. Semester vum Bachelor Medienkulturwëssenschaften am Haaptfach an Politikwëssenschaften am Niewefach op der Uni Freiburg.

Zulassungsvoraussetzungen: De Studiegang Medienkulturwëssenschaften ass zulassungsbeschränkt, vue dass et nëmme begrenzt Platze ginn. Bei dem Auswahlverfahren gëtt op den Abiturduerschnëtt (bei eis d’ Moyenne vun der 1e) an deemno wéi och op ausserschoulesch Aktivitéite gekuckt. Ee festen Numerus Clausus gëtt et awer net.                   

D’Niewefach Politikwëssenschaften ass och zulassungsbeschränkt a genau sou wéi beim Haaptfach, gëtt hei op d’Moyenne an op ausserschoulesch Leeschtunge gekuckt. An der Reegel gi just 15 bis 20 Studiëplaze fir Politikwëssenschaft als Niewefach zougelooss.  

Studium: Medienkulturwëssenschaften besteet engersäits aus theoriebaseierten Virliesungen, Übungen a Seminaren. Hei gi verschidden Deeler wéi, d’Geschicht, déi verschidden Auswierkunge an och kulturell Aspekter vun de Medien, ganz theoretesch, op Basis vu Literatur behandelt. Ee groussen Deel vum Studium besteet also doraus, sech matt Texter auserneen ze setzen an déi ze analyséieren. 

Den aneren Deel vum Studium besteet aus enger Réi praktescher Seminarer an Übungen. All Semester läit de Fokus op engem anere Medium, wou et drëms geet sech méi konkret mat deem Medium auserneen ze setzen. An dat wat een an der Theorie geléiert huet, novollzéien ze kennen. Zum Beispill dréint een am éischte Semester selwer ee Kuerzfilm. Niewent de Virliesungen, muss een och een obligatoresche Stage vu mindestens 6 Wochen maachen.

Perspektiven: Ech perséinlech studéiere Medienkulturwëssenschaften, fir herno a Richtung Journalismus ze goen. Mee dëse Studiegang bitt engem ganz vill a verschidde Méiglechkeeten. Sou kann een herno zum Beispill an de Kulturberäich, an d’ Film/Fernseh/Radioproduktioun, oder an de Beräich vun de Soziale Medien schaffe goen. Medienkulturwëssenschaft léisst sech mat enger grousser Unzuel u Fächer kombinéieren, d’Auswiel vum Niewefach kann deemno wéi hëllefen sech nach méi konkret op ee bestëmmte Beräich an der Aarbechtswelt, virzebereeden.

Du kanns eis och op Instagram ennert dem username slufelch kontaktéieren