Däitsch mam Liz

LIZ BRASSEL
Studéiert Neuere deutsche Literatur,
Kultur, Medien am Master an huet Deutsche
Sprach- und Literaturwissenschaft a
Philosophie am Bachelor studéiert


D’Liz huet “Deutsche Sprach- und Literaturwissenschaft” am Haaptfach a Philosophie am Niewefach op der Albert-Ludwigs Universität studéiert. Virun allem d’Literatur ass e Grond firwat hatt sech zu dësem Studium entscheet huet. De Studiegang ass zulassungsfrei, wat bedeit, dat een keng gewëssen Nott oder ee Stage brauch. D’ Haaptfach deelt sech an dräi Beräicher op: Linguistik, Mediävistik an Neuere Deutsche Literatur. Déi lescht zwee Semester spezialiséiert een sech dann op ee vun deenen dräi Beräicher. Säin typesche Studium besteet haaptsächlech aus Seminarer mat puer Virliesungen. Am meeschte muss een awer Seminarer besichen, wou een ee bestëmmt Thema duerchhëlt. D’ Virliesunge gi meeschtens een Iwwerbléck, kennen awer och spezifesch sinn. Deemno wéi muss/kann een och Tutorater besichen, déi vu StudentInnen gefouert ginn an déi eng Hëllefsstellung zu de Seminarer respektiv Virliesunge ginn. Übungen a Praktika huet d’Liz bis elo net misse maachen.

D’Liz géing säi Studium Leit recommandéieren, déi Spaass un der däitscher Sprooch hunn a ganz gäre liesen. An dësem Studium liest een net nëmme Primärliteratur, mee och ganz vill Fuerschungsliteratur déi ee fir d’Hausaarbechten duerchhuele muss. Vu Virdeel ass et och datt ee gäre schreift vue dat ee bal ëmmer eng Hausaarbecht oder Essays fir d Seminarer schreiwe muss. Fir d Philosophie muss een sech gäre mat theoreteschen Texter ausernee setzen. Mëttlerweil studéiert hatt Germanistik am Master. Do ginn et méi Masterstudiengäng, mä d’Liz huet sech besonnesch opgrond vun der Neuere deutsche Literatur fir dëse spezifesche Master entscheet. Och dat een d’Wierker mam Kulturaspekt liest an analyséiert hunn hatt iwwerzeegt.

Fir an de Master eranzekomme brauch ee mindestens eng Gesamtnott vun 2,5. Soss muss een näischt Extraes erfëllen ausser eben, dat een e Bachelor an der Germanisitk oder an engem änleche Fach braucht. De Master änelt sech dem Bachelor mam Ënnerscheed, dat en méi praktesch ugehaucht ass. Hei kann een tëscht verschidden Optiounen, wéi zum Beispill Praktika, Tagungen oder Konferenze wielen a gesäit bëssen eppes aneschters wéi de Seminarraum. D’Liz selwer well duerno Proff ginn, mä et ginn och nach aner Méiglechkeete wei zum Beispill bei eng Zeitung ze goen oder bei ee Verlag.


Méi Informatiounen zum Studium fënns du hei: https://www.germanistik.uni-freiburg.de/studium/studiengang/master/MNdLKM